Wéinst der sanitärer Kris an op Wonsch vum Educatiounsministère bleiwen alleguer d’Restopolis-Restauranten a -Cafeteriae bis op Weideres zou. Mir fillen eis awer dozou verflicht eisen treie Gäscht och an der Krisenzäit eng équilibréiert Ernierung ze garantéieren.
Duerfir bidde mir Iech vum 4.Mee 2020 eis personaliséiert Frupstut® un. Dir hutt d’Méiglechkeet all Dag iwwert d’Internetsäit oder eis App déi 3 Menu-Formelen “Plat”, “Plat/Entrée” oder “Plat/Dessert” a “Plat an Dessert” ze reservéieren. Wat an d’Frupstut® dra kënnt, dat bestëmmt Dir.