X
Text/HTML

logo_climate_exchange

Du hues eng Iddi?
Da scheck deng Propose eran.

Deng Propose

De 15. Mäerz 2019 waart dir zu Dausenden an de Stroosse vun der Stad, fir op de Klimawiessel opmierksam ze maachen a Léisungen ze fuerderen. Dir gouft domat Deel vun der weltwäiter “Climate strike”-Beweegung. Ären Engagement ass net ouni Reaktioun bliwwen an an enger Entrevue mat den Organisateure vum Streik huet d’Regierung sech fir hiren Deel engagéiert, fir een Echange mat deene Jonken zum Thema z’organiséieren. Dat an enker Kooperatioun mat der nationaler Schülerkonferenz (CNEL). Méi...

Am Mee goufe 4 där Echangen a verschiddene Regiounen ofgehalen; dat a Präsenz vun de Ministere Claude Meisch (Edukatioun, Kanner a Jugend), Carole Dieschbourg (Ëmwelt, Klima an Nohaltegkeet) a Romain Schneider (Landwirtschaft). Ronn 500 Schüler waren op dës Echangë komm an hunn op eng oppen a konstruktiv Aart a Weis matdiskutéiert – dir hutt är Ängschte geäussert, d‘Problemer beim Numm genannt a virun allem och zesummen no Léisungspisten zu den Themen: “Nohalteg Schoulen”, “Klimaschutz an de Beräicher Mobilitéit, Energie an Offall” an “Nohalteg iessen, nohalteg produzéieren” gesicht.

Dës Diskussiounen an Proposë goufen du vun engem Grupp Schüler resuméiert an an engem Schlussrapport festgehalen, deen si der Regierung Mëtt Juni am Kader vun enger Entrevue am Staatsministère formell iwwerreecht hunn. D’Regierung huet sech engagéiert, fir de Rapport z‘analyséieren a fir em déi néideg Suitten ze ginn. Esou wäert en zum Beispill an den nationale Klima- an Energieplang, grad ewéi an de Strategieplang fir d’Agrikultur mat afléissen.

Op dësem Internetsite fannt dir de Schlussrapport, Andréck vun den Echangen, den Erklärungsfilm mat internationalen Experten oder nach d’Factsheets zu den eenzelen Themen. Dëse Site gëtt awer och eng Plaz, wou mer iech reegelméisseg um Courant halen iwwer dat, wat am Interessi vum Klima zu Lëtzebuerg leeft an iwwert d’Mesuren, déi ergraff ginn. < Manner

 
EasyDNNNews

Follow-up news

Benelux Event

Publié le vendredi 27 décembre 2019

Benelux Event

Am Kader vun der Presidence vun der Benelux-Unioun, war Enn November am Biodiversum zu Remerschen eng Konferenz zum Thema Bildung fir nohalteg Entwécklung. 80 Professioneller déi an deem Beräich schaffen a Jonker aus deenen 3 Länner hu wärend 3 Deeg Erfarungen ausgetosch an iwwer gemeinsam Projete geschwat. D’Zil vun der Bildung fir nohalteg Entwécklung ass et zum Thema Nohaltegkeet ze sensibiliséieren an eng kritesch Ausenanersetzung mat den Themen déi drunhänken erbäizeféieren.  

 

Photo de famille ---- (1er rang de g. à dr.) Eric Schweicher, responsable du centre SNJ Hollenfels ; Carole Dieschbourg, ministre de l'Environnement, du Climat et du Développement durable ; Thomas Antoine, secrétaire général du Benelux; Claude Meisch, ministre de l'Éducation nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse ; Jean-Marc Huart, recteur de la Région académique Grand Est, recteur de l'académie de Nancy-Metz, chancelier des universités (France) ; YvonneRuijters, représentante de l'ambassade des Pays-Bas à Luxembourg - (2eme rang) n.c. ; Michel Gloden, bourgestre de Schengen ; n.c. ; Alain de Muyser, membre du collège Benelux ; n.c.

Lieu :     Centre nature et forêt Biodiversum Camille Gira - Biodiversum

Pays :     Luxembourg

Copyright :          © SIP / Jean-Christophe Verhaegen, tous droits réservés

Comments (0)Number of views (701)

Author: Patrick Steffen

Catégories: News

Tags:

Print
EasyDNNGallery

Media

Är Proposen

Är Proposen

Text/HTML