X
Text/HTML

logo_climate_exchange

Du hues eng Iddi?
Da scheck deng Propose eran.

Deng Propose

De 15. Mäerz 2019 waart dir zu Dausenden an de Stroosse vun der Stad, fir op de Klimawiessel opmierksam ze maachen a Léisungen ze fuerderen. Dir gouft domat Deel vun der weltwäiter “Climate strike”-Beweegung. Ären Engagement ass net ouni Reaktioun bliwwen an an enger Entrevue mat den Organisateure vum Streik huet d’Regierung sech fir hiren Deel engagéiert, fir een Echange mat deene Jonken zum Thema z’organiséieren. Dat an enker Kooperatioun mat der nationaler Schülerkonferenz (CNEL). Méi...

Am Mee goufe 4 där Echangen a verschiddene Regiounen ofgehalen; dat a Präsenz vun de Ministere Claude Meisch (Edukatioun, Kanner a Jugend), Carole Dieschbourg (Ëmwelt, Klima an Nohaltegkeet) a Romain Schneider (Landwirtschaft). Ronn 500 Schüler waren op dës Echangë komm an hunn op eng oppen a konstruktiv Aart a Weis matdiskutéiert – dir hutt är Ängschte geäussert, d‘Problemer beim Numm genannt a virun allem och zesummen no Léisungspisten zu den Themen: “Nohalteg Schoulen”, “Klimaschutz an de Beräicher Mobilitéit, Energie an Offall” an “Nohalteg iessen, nohalteg produzéieren” gesicht.

Dës Diskussiounen an Proposë goufen du vun engem Grupp Schüler resuméiert an an engem Schlussrapport festgehalen, deen si der Regierung Mëtt Juni am Kader vun enger Entrevue am Staatsministère formell iwwerreecht hunn. D’Regierung huet sech engagéiert, fir de Rapport z‘analyséieren a fir em déi néideg Suitten ze ginn. Esou wäert en zum Beispill an den nationale Klima- an Energieplang, grad ewéi an de Strategieplang fir d’Agrikultur mat afléissen.

Op dësem Internetsite fannt dir de Schlussrapport, Andréck vun den Echangen, den Erklärungsfilm mat internationalen Experten oder nach d’Factsheets zu den eenzelen Themen. Dëse Site gëtt awer och eng Plaz, wou mer iech reegelméisseg um Courant halen iwwer dat, wat am Interessi vum Klima zu Lëtzebuerg leeft an iwwert d’Mesuren, déi ergraff ginn. < Manner

 
EasyDNNNews

Follow-up news

BNE receuil

Publié le lundi 6 janvier 2020

BNE receuil

Den Ëmweltministère an de Ministère fir Bildung, Kanner a Jugend hunn zesummen mat dem Cercle des ONG an der Plateforme pour l’éducation à l’environnement et au Développement durable de Receuil vun den Acteuren déi eng Offer am Beräich vun der Bildung fir Nohalteg Entwécklung ubidden, komplett nei iwwerschafft. Eng éischt Editioun gouf op der Foire fir Bildung fir nohalteg Entwécklung virgestallt, an eng zweet Editioun gëtt no der Chrëschtvakanz an all Schoulen geschéckt fir Léierpersonal an Schüler zu neien Initiativen an Synergien ze inspiréieren.

Comments (0)Number of views (739)

Author: Patrick Steffen

Catégories: News

Tags:

Print
EasyDNNGallery

Media

Är Proposen

Är Proposen

Text/HTML