X
Text/HTML

logo_climate_exchange

Du hues eng Iddi?
Da scheck deng Propose eran.

Deng Propose

De 15. Mäerz 2019 waart dir zu Dausenden an de Stroosse vun der Stad, fir op de Klimawiessel opmierksam ze maachen a Léisungen ze fuerderen. Dir gouft domat Deel vun der weltwäiter “Climate strike”-Beweegung. Ären Engagement ass net ouni Reaktioun bliwwen an an enger Entrevue mat den Organisateure vum Streik huet d’Regierung sech fir hiren Deel engagéiert, fir een Echange mat deene Jonken zum Thema z’organiséieren. Dat an enker Kooperatioun mat der nationaler Schülerkonferenz (CNEL). Méi...

Am Mee goufe 4 där Echangen a verschiddene Regiounen ofgehalen; dat a Präsenz vun de Ministere Claude Meisch (Edukatioun, Kanner a Jugend), Carole Dieschbourg (Ëmwelt, Klima an Nohaltegkeet) a Romain Schneider (Landwirtschaft). Ronn 500 Schüler waren op dës Echangë komm an hunn op eng oppen a konstruktiv Aart a Weis matdiskutéiert – dir hutt är Ängschte geäussert, d‘Problemer beim Numm genannt a virun allem och zesummen no Léisungspisten zu den Themen: “Nohalteg Schoulen”, “Klimaschutz an de Beräicher Mobilitéit, Energie an Offall” an “Nohalteg iessen, nohalteg produzéieren” gesicht.

Dës Diskussiounen an Proposë goufen du vun engem Grupp Schüler resuméiert an an engem Schlussrapport festgehalen, deen si der Regierung Mëtt Juni am Kader vun enger Entrevue am Staatsministère formell iwwerreecht hunn. D’Regierung huet sech engagéiert, fir de Rapport z‘analyséieren a fir em déi néideg Suitten ze ginn. Esou wäert en zum Beispill an den nationale Klima- an Energieplang, grad ewéi an de Strategieplang fir d’Agrikultur mat afléissen.

Op dësem Internetsite fannt dir de Schlussrapport, Andréck vun den Echangen, den Erklärungsfilm mat internationalen Experten oder nach d’Factsheets zu den eenzelen Themen. Dëse Site gëtt awer och eng Plaz, wou mer iech reegelméisseg um Courant halen iwwer dat, wat am Interessi vum Klima zu Lëtzebuerg leeft an iwwert d’Mesuren, déi ergraff ginn. < Manner

 
EasyDNNNews

Follow-up news

Youth4Planet – Storytelling mat dem Smartphone.

Publié le lundi 30 septembre 2019

Youth4Planet – Storytelling mat dem Smartphone.

Dir hutt an ärem Rapport gefuerdert datt Thema Klima an der Schoul soll méi intensiv ze behandelt ginn, an och datt Enseignante solle besser dorobber virbereet ginn. 

De leschte Samschden huet am Kader vum Youth4Planet esou eng innovativ Weiderbildung stattfonnt. Net nëmme goufe mueres eng Rei Enseignanten a Multiplicateur ausgebilt, mee et gouf och gläich nach en neit Handbuch zur Weiderbildung presentéiert. D‘Ministere Carole Dieschbourg a Claude Meisch hunn sech selwer e Bild dovunner gemaach an och déi éischt Filmer, déi vu Kanner a Jugendleche mam Handy zu den Theme Klima, Plastik, Offall, Gläichberechtegung a Rassismus gedréit goufen, um Youth4Planet Filmfestival mat vill Begeeschterung ugekuckt a mat de Schüler zesummen diskutéiert.

De Ministère fir Ëmwelt, Klima an Nohaltegkeet esou wei de Ministère fir Bildung, Kanner a Jugend ënnerstëtze Youth4Planet finanziell fir dat si hier Aktivitéiten an de Schoulen nach wieder kennen ausbauen.

Comments (0)Number of views (930)

Author: Patrick Steffen

Catégories: News

Tags:

Print
EasyDNNGallery

Media

Är Proposen

Är Proposen

Text/HTML