X
Text/HTML

logo_climate_exchange

Du hues eng Iddi?
Da scheck deng Propose eran.

Deng Propose

De 15. Mäerz 2019 waart dir zu Dausenden an de Stroosse vun der Stad, fir op de Klimawiessel opmierksam ze maachen a Léisungen ze fuerderen. Dir gouft domat Deel vun der weltwäiter “Climate strike”-Beweegung. Ären Engagement ass net ouni Reaktioun bliwwen an an enger Entrevue mat den Organisateure vum Streik huet d’Regierung sech fir hiren Deel engagéiert, fir een Echange mat deene Jonken zum Thema z’organiséieren. Dat an enker Kooperatioun mat der nationaler Schülerkonferenz (CNEL). Méi...

Am Mee goufe 4 där Echangen a verschiddene Regiounen ofgehalen; dat a Präsenz vun de Ministere Claude Meisch (Edukatioun, Kanner a Jugend), Carole Dieschbourg (Ëmwelt, Klima an Nohaltegkeet) a Romain Schneider (Landwirtschaft). Ronn 500 Schüler waren op dës Echangë komm an hunn op eng oppen a konstruktiv Aart a Weis matdiskutéiert – dir hutt är Ängschte geäussert, d‘Problemer beim Numm genannt a virun allem och zesummen no Léisungspisten zu den Themen: “Nohalteg Schoulen”, “Klimaschutz an de Beräicher Mobilitéit, Energie an Offall” an “Nohalteg iessen, nohalteg produzéieren” gesicht.

Dës Diskussiounen an Proposë goufen du vun engem Grupp Schüler resuméiert an an engem Schlussrapport festgehalen, deen si der Regierung Mëtt Juni am Kader vun enger Entrevue am Staatsministère formell iwwerreecht hunn. D’Regierung huet sech engagéiert, fir de Rapport z‘analyséieren a fir em déi néideg Suitten ze ginn. Esou wäert en zum Beispill an den nationale Klima- an Energieplang, grad ewéi an de Strategieplang fir d’Agrikultur mat afléissen.

Op dësem Internetsite fannt dir de Schlussrapport, Andréck vun den Echangen, den Erklärungsfilm mat internationalen Experten oder nach d’Factsheets zu den eenzelen Themen. Dëse Site gëtt awer och eng Plaz, wou mer iech reegelméisseg um Courant halen iwwer dat, wat am Interessi vum Klima zu Lëtzebuerg leeft an iwwert d’Mesuren, déi ergraff ginn. < Manner

 
EasyDNNNews

Follow-up news

Nanoq – Imag(in)ing climate change

Publié le jeudi 26 septembre 2019

Nanoq – Imag(in)ing climate change

Den 20.09. gouf d’Ausstellung Nanoq – Imag(in)ing climate change vum Edukatiounsminister Claude Meisch ageweit. Des Wanderausstellung, déi de SCRIPT a Kollaboratioun mat polar.lu organiséiert, mécht bis Enn des Joer den Tour duerch verschidde Lycéeën.  D‘Exponater begleeden e Miniature-Äisbier op senger Rees duerch d‘Arktis , well seng Heemecht, d'Pak-Äis , duerch de Klimawiessel ewechschmëlzt. 

Déi finnesch Fuerscherin a Fotografin, Ilona Mettiäinen, fotograféiert zënter 2011 hire klengen Äisbier wärend hire Fuerschungsopenthalter an der Arktis an op verschiddene Reesen fir esou zum Nodenken iwwert de Klimawiessel unzereegen. Den Dossier pédagogique, deen des  Ausstellung begleet, ass transversal an interdisciplinärasetzbar. 

 

D'Ausstellung ass nach bis den 04. Oktober am Sportlycée ze gesinn.

Duerno fannt der se :

- am Lycée Classique de Diekirch vum 08.Oktober - 25. Oktober,

- um Science Festival an Gronn vum 07. November - 10. November,

- am Lycée Edward Steichen zu Klierf vum 25. November - 20. Dezember.

Virdrunner war se och schonn am Lycée de Garçon Esch an am Lycée Josy Barthel Mamer ze gesinn.

Comments (0)Number of views (980)

Author: Patrick Steffen

Catégories: News

Tags:

Print
EasyDNNGallery

Media

Är Proposen

Är Proposen

Text/HTML