Besicht eisen Internetsite oder d’App vu Restopolis an entdeckt eis nei Frupstut-Offer vu kale Platen, déi mir no der Päischtvakanz preparéieren. Wann Dir en net-vegetareschen oder vegetareschen Haaptplat bestellt, hu Dir vun elo un eng nach méi grouss Auswiel. Kuckt Iech och eis nei Desserten un, déi mir mat de Frupstuten zerwéieren.
All Woch bidde mir Iech e “Sandwich vun der Woch” an zwou “Zalote vun der Woch” un, déi Dir vu méindes bis freides bestelle kënnt.