X

WHAT'S NEW

BACKUP BLOG
Always in the mood for a good " Frupstut "

Always in the mood for a good " Frupstut "

Reservéiert Är personaliséiert Frupstut vum 4. Mee 2020 un iwwer Internet oder iwwer eis App!

mercredi 22 avril 2020

Wéinst der sanitärer Kris an op Wonsch vum Educatiounsministère bleiwen alleguer d’Restopolis-Restauranten a -Cafeteriae bis op Weideres zou. Mir fillen eis awer dozou verflicht eisen treie Gäscht och an der Krisenzäit eng équilibréiert Ernierung ze garantéieren. Duerfir bidde mir Iech vum 4.Mee 2020 eis personaliséiert Frupstut® un.

Dir hutt d’Méiglechkeet all Dag iwwert d’Internetsäit oder eis App déi 3 Menu-Formelen “Plat”, “Plat/Entrée” oder “Plat/Dessert”  a “Plat an Dessert” ze reservéieren. Wat an d’Frupstut® dra kënnt, dat bestëmmt Dir.

Wéi am Restaurant kënnt dir en net-vegetareschen oder vegetaresche Plat op der Internetsäit www.restopolis.lu och op eiser App auswielen. Dir fannt do eng grouss Auswiel déi all Dag variéiert vu Platen wéi Sandwichen oder Zaloten, Entreeën wéi de Mini-Bunny an Desserten wéi den hausmaacher Kuch vu Restopolis oder saisonal Uebst. Des Weideren ass et och méiglech e puer Entréeën oder Desserten ze reservéieren.

Mir mussen awer Är Bestellungen den Dag virdru bis 20.00 kréien. All Gaascht kann awer och bis 20.00 seng Bestellung annuléieren.

Jidder Schüler kritt seng Frupstut® moies tëschent 9.30 an 11.30 viru säi Klassesall bruecht wou se op engem Dësch deposéiert gëtt. D’Frupstuten® fir d’Enseignanten an d’Mataarbechter vun de Schoulen stellt d’Kichenéquipe vu Restopolis oder Mataarbechter vum Technesche Service vun der Schoul op eng Plaz, déi vun der Schoul definéiert gëtt.

All Frupstut®, déi Dir bis 13.30 net ofhuelt, sammelt Restopolis erëm an.

Schüler a Studente bezuelen 3,60 Euro fir e Plat a 4,10 Euro fir e Plat mat Entrée oder e Plat mat Dessert a 4,60 Euro fir e Plat mat Entrée an Dessert.

De Präis fir Enseignanten a Mataarbechter vun den eenzele Schoulen oder der Uni Lëtzebuerg ass 5,20 Euro fir de Plat, 6,20 Euro fir de Plat mat Entrée oder Plat mat Dessert a 7,20 Euro fir de Plat mat Entrée an Dessert.

All weider Entréeën an Desserten kaschten 1 Euro. 

De 4. Mee 2020 komme just d’Schüler vun de 1ière-Klassen zréck. An där Woch rodéiert Restopolis déi nei Frupstut®-Offer an a bitt duerfir just eng reduzéiert Offer un.

All Dag e gratis lëtzebuerger Waasser (Optioun) a vun Zäit zu Zäit eng kléng Iwwerraschung

Jidderengem Gaascht, deen eng vun deenen 3 Formele bestellt, offréiert Restopolis all Dag eng gratis PET-Fläsch lëtzebuerger Waasser 0,5 l (Optioun). Donieft fannt Dir all Dag Besteck  (Optioun), eng Zerwéit an, vun Zäit zu Zäit,  e klenge Kaddo an Ärer Frupstut®. Den 11. an 18. Mee 2020 verdeele mir mat de Frupstuten® eis Ouschterhuesen aus Fairtrade-Schockela.

Wéi bestellen ech meng Frupstut® op www.restopolis.lu? (Grafik Documents à télécharger)

1 Lockt Iech riets uewen op der Säit www.restopolis.lu an

2 Gitt op “Menu”, dann op “Menu du jour”

3. Wielt Äre Schoulrestaurant aus

4. Wielt den Dag aus, wou Dir eng Frupstut® wëllt a gitt op “Réservation”

Wéi bestellen ech meng Frupstut® op der App vu Restopolis? (Grafik Documents à télécharger)

1 Gitt op der App op ”Menu”

2. Wielt Äre Restaurant aus an dréckt “Restaurant bäifügen”

3. Dréckt op “Reservatioun” a wielt Äert Iessen aus

4. Schléisst Är Bestellung of an dréckt uewe riets op “Fäerdeg”

 

Lued w.e.g. an der Krisenzäit Är myCard mat Kreditkaart oder mat Digicash virun Ärer Bestellung op.  Wann Dir eng vun deenen 3 Formelen oder e Produkt reservéiert, gëtt de Betrag direkt vun Ärer myCard ofgebucht.

 

 

 

 

Documents à télécharger