Zinglibook - Natur an Ëmwelt Band 1 & 2

Zinglibook - Natur an Ëmwelt Band 1 & 2

Bei den Zinglibooks 1 an 2 handelt et sech em zwou E-Book Compilatiounen ronderëm d’Themen «Natur & Ëmwelt» mat iwwer 50 lëtzebuerger Kannerlidder, Spréchelcher, Dänz, Karaoke, Nouten a klenge Filmercher.

Dëst Material richt sech virun allem un de Cycle 1, kann awer och an anere Klassen oder an der Maison de relais agesat ginn an et sinn dozou keng musikalesch Virkenntnesser vum Benotzer néideg. D’Schüler kënnen och eleng mam E-Book schaffen. Dat ganzt ass interaktiv opgebaut ewéi eng App an et huet een d’Lidd, den Text, d’Nouten an de Playback beieneen.

weider...

D’Zinglibooks sinn als zousätzlech Ressource fir de Museksunterrecht geduecht a sollen de Schüler dobäi hëllefen sech mat Musek auszedrécken wei zum Beispill: sangen, Instrumenter manipuléieren, Rhythmus klappen, Geräischer nomaachen oder Musek improviséieren. Weider kënnen si sech op d’Musek beweegen a beispillsweis de Rhythmus klappen, danzen oder den Ënnerscheed erkennen tëscht lues a séier.  D’Material erméiglecht de Schüler och iwwert d’Musek schwätzen a se eventuell ze bewäerten.

Als klengen Iwwerbléck ass hei d’Inhaltsverzeechnes vum Zinglibook - Natur an Ëmwelt Band 1:

Eis Haus an Haffdéieren

Wie weess dat? (Katz)
Bingo (Hond)
Kanéngercher
E Schwäin mécht Regime
De Kikeriki
Zwi zwa zwott
E klenge Spatz
Spatzen am Schnéi
Sou maachen d’Déieren

Eis Bëschdéieren

Mir ginn an de Bësch
Et wor emol een Hieschen
Fiissche, Fiisschen
D’Eil
Am Wanterschlof
De Gromperekinnek
An dem Bësch do steet een Haus

Eis Waasserdéieren

De Fräschelchen
De grénge Krokodil
D’Melusina an hir Hausdéieren

Eis Krabbeldéieren

Déi faarweg Raup Kati
De Froossepitti
Léiwe klenge Päiperlek
Meng Quetsch
Wat krabbelt hei?
D’Spann

Gesond Iessen

Mäi Brout
Molbier
Vun de Vitaminnen
Faarwe vun dobaussen

Als klengen Iwwerbléck ass hei d’Inhaltsverzeechnes vum Zinglibook - Natur an Ëmwelt Band 2:

Eiser Ëmwelt zu Léift

Eis beschte Stuff
Wouhi mam Offall?
D’Déierchen
Manner Offall
De Pabeier-Rap
Bastelen vu Museksinstrumenter aus Offall
Eis Superdreckskëscht

D’Fréijoer

D’Fréijoer
D’Beien an d’Blummen
D’Réidercher
Am Gaart

De Summer

Am Karschnatz
Kiischtefest am Bongert
Den Trakter Tuketuk
Vakanz doheem

Den Hierscht

Wiederfräsch
De Wand
Naass Blieder
Op der Musel
Ech klammen op de Bam
Champignonen
Den Hierscht ass do
Mäin Draach
Den Apel
Blieder am Hierscht

De Wanter

Et reent
Vum Beemchen, deen aner Blieder wollt hunn
D’Faarf vum Schnéi
Am Wanter
E Männche kënnt aus dem Dännebësch

An nach Eent

Eene meene Schnickschnack

Please login or register to post comments.

Name:
Email:
Subject:
Message:
x