X

mimamu.lu

mimamu.lu

D’Konzept vu mimamu soll Méiglechkeeten a Chancë bidden, datt intresséiert Enseignanten alleng, oder an der direkter Zesummenaarbecht mat der mimamu-Equipe, innovativ Projeten an Aktivitéiten am Beräich vun der musikalescher Bildung ëmsetze kënnen.
mimamu riicht sech primär un d’Grondschoulen, woubäi awer och Maison relaisen an aner schoulesch Strukturen heivu profitéiere kënnen.

Fir ween ass mimamu ?
Fir all Enseignanten (an anert schoulecht Personal), mat, a virun allem OUNI musikalesch Virkenntnisser.Fir all Enseignanten, déi op der Sich sinn no neiem Museksmaterial, no flotten Iddie fir innovativ Projeten, oder awer gären op fachlechen Knowhow zréckgräife wëllen.

Wat bitt mimamu ?
Op mimamu.lu fannt dir:

  • Bekanntes an Onbekanntes, wéi z. B.: selwer ausgeschaffte a komponéiert Museksmaterial wéi Lidder, Léierlidder, Integratiounslidder, Rhythmik, Instrumentespill, Spiller/Beweegungspausen, Boomwhackermaterial, Bodypercussion…
  • didaktescht Material wéi z. B.: Playbacks, Videoen, Nouten, Partituren, Aarbechtsblieder,
  • e Forum fir den Austausch mat der MimaMu-Equipe, mä virun allem fir den Austausch ënnerteneen,
  • eng Sammlung vu Projeten uechtert d’Land, fir op déi ganz divers Aktivitéite vu mimamu hinzeweisen.
  • e Formulaire fir mat der mimamu-Equipe a Kontakt ze trieden an e gemeinsame Projet ze diskutéieren.

Please login or register to post comments.

Theme picker

header-bg

header-text