X

zereck

Eng vun den Haaptmissioune vum SCRIPT läit an der innovativer Entwécklung a Produktioun vun didaktesche Materialie fir all Schoultyppen, fir och aktiv eng curiculär Weiderentwécklung virunzedreiwen. Mam Multi-Label presentéiert de SCRIPT eng nei Serie u pädagogeschen Zousazoutilen; heirënner ginn esouwuel Printmaterialie wéi och digital Applikatioune verstanen. Fir déi ënnerschiddlech Schüler, déi ganz ënnerschiddlech Besoinen hunn, versicht de SCRIPT bestänneg seng Gamme un Zousazmaterialien z’erweideren, fir en differnezéiert Schaffe fir d’Léierpersounen ze vereinfachen.

weiderliesen...

An der Multi-Rei gëtt eng grouss Bandbreet u pädagogeschem Material bereetgestallt, wou esouwuel fir den Niveau vum Fondamental, wéi och vum Secondaire ganz divers Themefelder opbereet ginn. Hei ginn engersäit fir klassesch Beräicher wéi de Sproochen, der Mathematik, de kreative Kënscht, der Geschicht a Wirtschaft, awer och der Liesfërderung an de Sciencen Outilë bereetgestallt, anerersäits ginn awer och am Beräich vun der Fréikandfërderung – ë. a. d’Erkenne vu Faarwen a Formen, visuellt Schaffen, logescht Denken, auditiv Übungen asw. – vill flott an innovativ Programmer presentéiert. Esou erméiglech de SCRIPT mat der Multi-Rei eng divers an thematesch ganz breet opgestallten Diffussioun un neiem pädagogesche Material, dat national zur Verfügung gestallt gëtt.

FRDE

Text/HTML

header-bg

header-text