fr-FRlb-LUde-DEen-USpt-PT

Léif Elteren, Schüler an Agente vun der Éducation nationale,

D‘ganz Ekipp vum Service de médiation scolaire ass momentan am Télétravail, dëst op Uweisunge vun eiser Regierung par rapport zum COVID-19. An där Zäit, bleiwe mir selbstverständlech fir iech erreechbar iwwer Telefon um 247 65280 oder per E-Mail op d’Adresse contact@mediationscolaire.lu.

#BLEIFTDOHEEM

https://msan.gouvernement.lu/dam-assets/covid-19/corona_dp/FLY-Bleift-doheem.pdf

Coronavirus: COVID-19 INFORMATIONEN UND RICHTLINIEN DES ... 

fig-blackfig-whitefig-green

Den neie Mediatiounsservice fir de
Maintien scolaire
, d'Inklusioun
an d'Integratioun am Schoulsystem.

De Schoulmediateur

Le Médiateur scolaire est compétent pour traiter des réclamations et doléances qui lui sont soumises et qui concernent le maintien au lycée des élèves menacés par le décrochage scolaire, l’inclusion des élèves à besoins éducatifs spécifiques ainsi que l’intégration des enfants provenant de l’immigration.

Reklamatiounen

Un de Mediateur kënnen sech adresséieren :

  • d’Eltere vu mannerjärege Schüler,
  • groussjäreg Schüler,
  • Acteure vun der Éducation nationale.

 

Reklamatiounsformular :    FR   DE   LU    EN    PT

FAQ

Wat versteet een ënner: „Maintien scolaire“, „Inklusioun“, an „Integratioun“ ?

De Schoulmediateur schafft an dräi Beräicher :

Maintien scolaire

Dëst betrëfft all Aktioun a Moossnam,

  • fir ze verhënneren, datt Jonker tëscht 16 a 24 Joer d’Schoul ouni Ofschloss verloossen, d. h. ouni e Premièresdiplom, en Techniker-Diplom, en DAP oder CCP oder eng gläichwäerteg Qualifikatioun;
  • fir dës jonk Leit erëm an e Lycée oder eng aner Ausbildung z’integréieren.

Inklusioun

  • Dëst betrëfft Froen, déi sech op d’Schoulbildung an der Grondschoul an am Secondaire vu Kanner mat spezifeschem Fërderbedarf bezéien.

Integratioun

  • Dëst betrëfft Froen, déi mat der Integratioun vu Schüler ze dinn hunn, déi net hir ganz Schoulzäit zu Lëtzebuerg verbruecht hunn an deemno Defiziter am Däitschen, Franséischen oder Lëtzebuergeschen hunn, déi sech negativ op hire schoulesche Parcours auswierken.

 

Wéi eng Aufgaben huet de Schoulmediateur?

De Schoulmediateur hëlt Reklamatiounen entgéint, déi sech op Situatioune bezéien:

  • an deenen d’Schoul entweder keng adequat Ausbildung ubitt,
  • net konform zu hiren Aufgabe funktionéiert huet oder
  • d’Schoul resp. ee Service, deen dem Educatiounsministère ënnersteet, d‘Gesetzer, d‘Reglementer oder d‘ministeriell Instruktiounen net respektéiert.

De Schoulmediateur ënnerstëtzt d’Eltere vun de Schüler oder déi groussjäreg Schüler bei hiren Demarchen. Fënnt de Schoulmediateur, datt eng Reklamatioun berechtegt ass, leet en eng Enquête an d’Weeër.

Wa seng Enquête ofgeschloss ass, a fir de Sträitfall à l‘amiable bäizeleeën, kann de Schoulmediateur :

  • déi verschidde Servicer a Schoulen ewéi och déi Persounen, déi eng Reklamatioun agereecht hunn, beroden,
  • hinnen Léisunge proposéieren oder
  • Recommandatiounen ausspriechen.

Wéini kann de Schoulmediateur mat enger Reklamatioun befaasst ginn?

Ier ee sech un de Schoulmediateur adresséiere kann, muss ee sech ëm eng Léisung mat den implizéierten Acteure vun der Schoul oder vum Service vun der Éducation nationale beméit hunn (z. B. an der Grondschoul mam Schoulmeeschter, der Léierin oder dem Regionaldirekter; am Secondaire mam Regent oder Direkter; an engem Centre de compétences mat der Persoun déi de Schüler betreit oder dem Direkter).

Soubal hien d’Reklamatioun kritt huet, muss de Schoulmediateur deejéinegen, deen d’Reklamatioun eraginn huet, schrëftlech iwwer d’Suitten informéieren. Fënnt de Mediateur, datt d’Reklamatioun net gerechtfertegt ass, deelt hien der betreffender Persoun dat mat a begrënnt seng Entscheedung.

Wéi gesäit et mat der Confidentialitéit an dem Beruffsgeheimnis aus?

Ier de Schoulmediateur Renseignementer, déi hie fir seng Enquête fir néideg hält, ka froen, brauch hien déi schrëftlech Erlaabnes vun den Eltere vum mannerjärege Schüler oder déi vum groussjärege Schüler.

Ausserdeem sinn de Schoulmediateur an d’Mataarbechter vu sengem Service un de Secret professionnel gebonnen.

D’Equipe

De schoulesche Mediatiounsservice besteet am Moment aus véier Leit, déi eng Ausbildung hunn an de Beräicher Mediatioun, Droit, Kannerrechter, Politikwëssenschaften, PNL […]. 

SMS_Liz_01_DSC6698


Lis De Pina
Schoulmediateur

 

Almina_Skrijelj_web
 

 

Almina Skrijelj
Administratioun

       

SMS_Carla_DSC6676


Carla Oliveira
Assistentin vum Schoulmediator

 

SMS_Yves





Yves Marchi

Assistent vum Schoulmediator
 

 

 

De Schoulmediateur kann, wann néideg, op extern Experten zeréckgräifen.

Kontakt

Schoulesche Mediatiounsservice
Schoulmediateur

29, rue Aldringen
L - 1118 Luxembourg

Tél.: (+352) 247 – 65280
contact@mediationscolaire.lu

Ëffnungszäiten
Méindeg – Freideg : vu 09:00 bis 12:00 Auer a vu 14:00 bis 17:00 Auer

Baussent dëse Zäite kënnt Dir e Rendez-vous beim Sekretariat vum schoulesche Mediatiounsservice ausmaachen oder eng E-Mail schécken un contact@mediationscolaire.lu.