Liesung / Konferenz mam Mil Goerens
D’lescht Joer koum Eiser Soen eraus, eng impressionnant Anthologie an 3 Bänn an iwwer 2.000 Säiten, dat op Lëtzebuergesch. Nieft klasseschen Soen iwwer wëll Jeeër, Tempelhären, Wierwëllef, wëll Fraen, Schankemännercher a Wiichtelcher fënnt een och munch Apaartes an historesch-kulturell Vermëschtes erëm, déi verständlech an anschaulech erkläert och e gudden Abléck an eis Kultur offréieren. Déi 3 Bänn sinn doriwwer eraus wonnerbar illustréiert.