Cercle Cité (Auditorium Henri Beck)
2, rue Genistre, Luxembourg
Réservation souhaitée : bibliotheque@vdl.lu ou tél. 4796 2732
De Mil Goerens konnt sech e Numm maachen mat sengem viregem Wierk Vun der Long op d’Zong, enger flotter Sammlung vu Wierder, Ausdréck a Riedensaarten op Lëtzebuergesch, déi engem deelweis (nach) bewosst awer un déi ee laang net méi geduecht an déi esou net an de Vergiess solle geroden.
D’lescht Joer koum Eiser Soen eraus, eng impressionnant Anthologie an 3 Bänn an iwwer 2.000 Säiten, dat op Lëtzebuergesch.
Nieft klasseschen Soen iwwer wëll Jeeër, Tempelhären, Wierwëllef, wëll Fraen, Schankemännercher a Wiichtelcher fënnt een och munch Apaartes an historesch-kulturell Vermëschtes erëm, déi verständlech an anschaulech erkläert och e gudden Abléck an eis Kultur offréieren. Déi 3 Bänn sinn doriwwer eraus wonnerbar illustréiert.
D’Anthologie kann och als Ergänzung gesi ginn zum Nicolas Gredt sengem Sagenschatz des Luxemburger Landes oder dem Edmond de la Fontaine (och Dicks genannt) sengen Luxemburger Sagen und Legenden.
Opdedeelt no Kantonen bitt dës Sammlung also e formidablen Iwwerbléck. Den Auteur limitéiert sech dobäi net op déi aktuell Landesgrenzen, ma bezitt historesch interessant och d’Äifel, Neibelgien an d’Province de Luxembourg mat an. Doriwer eraus nennt d’Anthologie d‘Nimm vu franséischen, neibelschen a belschen Uertschaften op Lëtzebuergesch, sou wéi se fréier an deelweis och nach haut am Gebrauch sinn.
Organisateur : Cité Bibliothèque