D’Initiativ Freed um Liesen a.s.b.l. an d’Cité Bibliothèque invitéiere Schoulklassen aus dem Fondamental op de Liesrallye Besuch vun enger Schrëftstellerin.
Dëst Joer kënnt eng Schrëftstellerin op Besuch, där hir Geschichte scho viru 60 Joer verfilmt gi sinn. Si erzielt aus hirem ofwiesslungsräiche Liewen, an op den Statioune vum Rallye léiert een e puer vun hire spannende Geschichte kennen. Vu wiem ass hei Ried? Loosst iech iwwerraschen!
Vum 25. bis de 27. Abrëll ass de Rallye fir Schoulklasse reservéiert. Eng Umeldung ass obligatoresch a ka gemaach gi mat engem Mail op tuffi@vdl.lu.