Naturmusée,
25, rue Münster, L-2160 Luxembourg
Donneschdes, de 26. Abrëll
Samschdes, den 28. Abrëll
Sonndes, den 29. Abrëll
vu 15.00 bis 15.50 Auer (fräien Entrée)
D’Maus Kätti sëtzt bei hirem Lach
zu Biermereng am Feld;
„Wéi schéin, denkt se, ass d’Liewen dach,
wéi gutt ass `t op der Welt.“
Wie kennt se net, dës Ufankszeilen aus dem Auguste Liesch senger beléifter Maus Kätti, der Kusinn Mim aus Clausen am dem léiwe Metti? Dëst éischt Wierk vum Auteur gëtt 1936 verëffentlecht an entwéckelt sech séier zu engem echte Lëtzebuerger Klassiker fir Grouss a Kleng. Mat vill Fangerspëtzegefill geléngt et dem Auguste Liesch, déi berühmte Fabel vum Aesop vun der Land - an der Stadmaus an e Lëtzebuerger Kontext ze setzen.
An enger Welt, wou mir eigentlech „alles“ kënnen hunn, wou vill ënnerschiddlech Liewensstiler méiglech sinn, wou déi individuell Fräiheet a Selbstverwierklechung eng grouss Wichtegkeet huet, wou mir de Choix hunn - l’embarras du choix - ass d’Thematik vun dëser Geschicht ganz aktuell. Wat passt dann elo bei mech, wat gehéiert zu mir, wat mécht mech a mengem Ënnerste wierklech frou - an net mäin Noper oder meng Frënn, meng Famill oder mäi Partner - wat mécht MECH frou? Dës Froe si wesentlech a beschäftegen net ëmsoss d’Mënschheet schonn zënter méi wéi 2500 Joer. Sou laang ass et nämlech hier, dass den Aesop dës Fabel geschriwwen huet.
An enger Fabel iwwerhuelen d’Déieren d’Roll vum Mënsch a stellen hien duer mat all senge Naupen, Charakterzich a Musteren. Et geet net dorëms ze wäerten, ze jugéieren oder ze uerteelen. Et gëtt einfach just beschriwwen! Ob a wéi eng Léier een aus dëse kuerzen an einfache Geschichten zitt, hänkt vum Lieser, vum Zuschauer selwer of.
Handpoppen, Accessoiren, Bühn, d’Kusinn Mim: Annick Sinner
Musek (Kompositioun a Spill, Saxophon Sopran), d’Maus Kätti: Nadine Kauffmann
Mise en scène a Beliichtung: Martine Conzemius
Photokredit: Annick Henricy
Kostümer: toile si-re
Organisateurs : sur commande du Ministère de la Culture | Naturmusée