Phone No.
(+352) 247-85187
Email us
secretariat@script.lu
Address
33, Rives de Clausen
L-2165 Luxembourg

www.bibliotc.lu

Travaux de candidature

Bibliothèque en ligne

Programm Lëtzebuergesch an den ëffentlechen internationale Schoulen.

Frising Pascale

De Géigestand vun dëser Aarbecht ass d’Ausschaffe vun engem Programm fir Lëtzebuergesch an den ëffentlechen internationale Schoulen. Dëse Programm soll sech souwuel op d’Grondschoul (P1-P5), wéi op de Secondaire (S1-S3) bezéien an tëscht Lëtzebuergesch als Éischtsprooch (Mammesprooch) a Lëtzebuergesch als Friemsprooch ënnerscheeden. Dës Aarbecht ass a fënnef Kapitele gegliddert. Den éischten Deel féiert de Lieser un den Inhalt vun der Aarbecht erun, andeems en...

Documents à télécharger

Wéi ka Grammaire fir Erwuessener besser vermëttelt ginn?

by May Luc

An dëser Recherche gëtt ënnersicht, wéi erwuessen Apprenanten op eng méi produktiv Aart a Weis Lëtzebuergesch léiere kënnen. Am Lëtzebuergeschen existéiert net vill brauchbart didaktescht Material fir déi méi héich Niveauen. Dofir soll mat dësem Projet neit Material ausgeschafft ginn, dat d’Léierpersoune wéi och d’Apprenantë gär benotzen. D’Material soll multimedial sinn, d.h. de Contenu soll net nëmme mat Aarbechtsblieder vermëttelt ginn, mee och mat Hëllef vun...

Documents à télécharger

Ergänzungsmaterial a Leitfuedem fir d'Fach Lëtzebuergesch als Friemsprooch op der 7e an op der 9e Insertiounsklass

Raths Isabelle

De Friemsproochenunterrecht am Fach Lëtzebuergesch op den Insertiounsklasse soll déi Jugendlech dorop virbereeden, op Lëtzebuergesch kommunizéieren an am Alldag an der Friemsprooch bestoen an handelen ze kënnen. Fir dat ze erreechen, ass et wichteg, didaktescht Material zur Verfügung ze hunn, dat den Ufuerderunge vun engem kommunikatiouns- an handlungsorientéierte Friemsproochenunterrecht gerecht gëtt. Aus dësem Grond verfollegt de virleienden Travail de candidature d'Missioun, dat...

Documents à télécharger