Phone No.
(+352) 247-85187
Email us
secretariat@script.lu
Address
33, Rives de Clausen
L-2165 Luxembourg

www.bibliotc.lu

Travaux de candidature

Bibliothèque en ligne

Programm Lëtzebuergesch an den ëffentlechen internationale Schoulen.

Frising Pascale

De Géigestand vun dëser Aarbecht ass d’Ausschaffe vun engem Programm fir Lëtzebuergesch an den ëffentlechen internationale Schoulen. Dëse Programm soll sech souwuel op d’Grondschoul (P1-P5), wéi op de Secondaire (S1-S3) bezéien an tëscht Lëtzebuergesch als Éischtsprooch (Mammesprooch) a Lëtzebuergesch als Friemsprooch ënnerscheeden. Dës Aarbecht ass a fënnef Kapitele gegliddert. Den éischten Deel féiert de Lieser un den Inhalt vun der Aarbecht erun, andeems en...

Documents à télécharger

Déi Lëtzebuerger Gesellschaft am Wandel Eng Analys vun de leschten 200 Joer unhand vun de Romaner Der Verräter (Nikolaus Hein), Fenn Kaß (Batty Weber), schacko klak (Roger Manderscheid), Perl oder Pic

by Arendt Sharon

1. Objectifs de la recherche An dëser Aarbecht solle véier Wierker aus der lëtzebuergescher Literatur analyséiert ginn: Der Verräter vum Nikolaus Hein, Fenn Kaß vum Batty Weber, schacko klak vum Roger Manderscheid, dem Jhemp Hoscheit säi Perl oder Pica souwéi Amok vum Tullio Forgiarini. Soumat gi bal 200 Joer Lëtzebuerger Geschicht behandelt an obwuel d’Wierker aus dräi verschiddene Joerhonnerte stamen, hu se all eppes gemeinsam: d’literaresch Sich no Identitéit - souwuel no der...

Documents à télécharger

Sproochideologien an déi diskursiv Konstruktioun vu Sproochbedrohung zu Lëtzebuerg

by Hartmann Myriam

D'Lëtzebuerger Sprooch ass Géigestand vun enger lieweger Diskussioun ëm hir Positioun an hir Roll an deem multilingualen Ëmfeld zu Lëtzebuerg. Dës aktuell Sproochendebatt gëtt souwuel vun Akteuren aus dem politeschen a wëssenschaftleche Beräich, wéi och vu Privatpersoune gefouert. Et geet hei ënnert anerem ëm d'Vitalitéit vum Lëtzebuergeschen, ëm säi Status, ëm Norméierungsfroen, souwéi ëm d'Funktioun vun der Lëtzebuerger Sprooch als Integratiounsfacteur an d'Lëtzebuerger...

Documents à télécharger

D'Aussprooch am Enseignement vum Lëtzebuergeschen als Friemsprooch.

by Espinosa Alvarez Sabrina

D'Aussprooch am Enseignement vum Lëtzebuergeschen als Friemsprooch ass Géigestand vun dëser Aarbecht. Déi folgend Aarbecht ass a sechs Kapitelen ënnerdeelt. Den éischten Deel leet de Lieser an de Kontext vun dëser Aarbecht an, andeems en d'Motivatioune fir d'Auswiel vun dësem Thema beliicht, a presentéiert kuerz de Fuerschungsstand ronderëm d'Thema Enseignement vun der Aussprooch. Dat zweet Kapitel gëtt en Abléck an d’Situatioun vun der...

Documents à télécharger

D’Dramapädagogik am Lëtzebuergeschcours an den Insertiounsklassen als Virbereedung op d’sproochlecht Alldagshandelen

Schenten Shari

Zil vun der Recherche D’Haaptaufgab vum Lëtzebuergeschcours an den Insertiounsklassen ass et, de Schüler duerch d’Ausbilde vun hirer mëndlecher Ausdrocksfäegkeet eng besser Integratioun ze erméiglechen. Fir dat ze realiséieren, gëtt eng Unterrechtsmethod gebraucht, déi virun allem d’mëndlech Kompetenz an den Zentrum stellt a gläichzäiteg och emotional Blockaden ofbaue kann; Uspréch, déi d’Dramapädagogik u sech selwer stellt. Am Zesummenhank mat dëser...

Ergänzungsmaterial a Leitfuedem fir d'Fach Lëtzebuergesch als Friemsprooch op der 7e an op der 9e Insertiounsklass

by Mohr Tanja

De Friemsproochenunterrecht am Fach Lëtzebuergesch op den Insertiounsklasse soll déi Jugendlech dorop virbereeden, op Lëtzebuergesch kommunizéieren an am Alldag an der Friemsprooch bestoen an handelen ze kënnen. Fir dat ze erreechen, ass et wichteg, didaktescht Material zur Verfügung ze hunn, dat den Ufuerderunge vun engem kommunikatiouns- an handlungsorientéierte Friemsproochenunterrecht gerecht gëtt. Aus dësem Grond verfollegt de virleienden Travail de candidature d'Missioun, dat...