Phone No.
(+352) 247-85187
Email us
secretariat@script.lu
Address
33, Rives de Clausen
L-2165 Luxembourg

www.bibliotc.lu

Travaux de candidature

Bibliothèque en ligne

mardi 7 août 2018 / Catégories: Langues, Luxembourgeois, Pédagogie

D’Dramapädagogik am Lëtzebuergeschcours an den Insertiounsklassen als Virbereedung op d’sproochlecht Alldagshandelen

Schenten Shari

Zil vun der Recherche

D’Haaptaufgab vum Lëtzebuergeschcours an den Insertiounsklassen ass et, de Schüler

duerch d’Ausbilde vun hirer mëndlecher Ausdrocksfäegkeet eng besser Integratioun ze

erméiglechen. Fir dat ze realiséieren, gëtt eng Unterrechtsmethod gebraucht, déi virun allem

d’mëndlech Kompetenz an den Zentrum stellt a gläichzäiteg och emotional Blockaden

ofbaue kann; Uspréch, déi d’Dramapädagogik u sech selwer stellt. Am Zesummenhank mat

dëser Method ginn an dëser Aarbecht dräi Froen ënnersicht: Et gëtt éischtens analyséiert, ob

duerch d’dramapädagogesch Aktivitéiten de Schwätzundeel vun de Schüler am Cours

erhéicht gëtt, fir hir mëndlech Ausdrocksfäegkeet ze verbesseren, zweetens ob d’Schüler

doduerch hir Angscht virum Schwätzen op Lëtzebuergesch ofleeën an drëttens ob si op

d’sproochlecht Alldagshandele virbereet ginn. Donieft gëtt sech awer och dofir interesséiert,

wéi d’Dramapädagogik an der Erwuessenebildung am Verglach zum Lycée agesat ka ginn.

Methodologie

Fir mech an d’Schüler mat der Dramapädagogik ze familiariséieren, sinn

d’Grondinzeenéierungstechniken, wéi d’Mimen, d’Standbiller an d’Rollespiller, am Laf

vum Joer regelméisseg an den Unterrecht integréiert ginn; de Cours ass also net

ausschliisslech op d’Dramapädagogik opgebaut ginn. Zousätzlech dozou hunn d’Schüler

eng Radiosemissioun geschriwwen an opgeholl. D’Aktivitéite sinn duerno all kritesch

reflektéiert ginn an et gëtt an der Aarbecht duergeluecht, wat bei der Duerchféierung

funktionéiert huet a wat net a firwat. Zu all Inzeenéierungstechnik gëtt och nach analyséiert,

wat hiren Notzen ass a wéi se am beschten agesat a variéiert ka ginn. Duerch meng

Reflexioun, mä och Froebéi, déi d’Schüler ausgefëllt hunn, gëtt zum Schluss e Bilan iwwert

d’Schaffe mat der Dramapädagogik am Lycée gezunn an e Verglach, an Zesummenaarbecht

mat der Madame Fabienne Logelin-Kohl, mat der Erwuessenebildung virgeholl.

Resultater

D’Ziler vun dësem Projet konnten nëmmen deelweis erreecht ginn: De Schwätzundeel vun

de Schüler gouf zwar erhéicht, hir mëndlech Ausdrocksfäegkeet konnt verbessert ginn,

d’Angscht virum Schwätze konnt awer nëmmen am Usaz ofgebaut an d’Fäegkeet, spontan

ze kommunizéieren, quasi guer net entwéckelt ginn.