lundi 7 mars 2016

Liesen iwwer Bicher - Bicher iwwer d'Liesen

Journées du livre et du droit d'auteur an de Grondschoulen

Fir d’ Journées du livre et du droit d’auteur (18. - 23. Abrëll 2016), déi dëst Joer ënnert dem Motto “Vund er Iddi bis bei d'Buch / 1 iddi - 1 livre” stinn, lancéiert de Ministère de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse an de Grondschoulen d’Aktioun

Liesen iwwer Bicher - Bicher iwwer d'Liesen

 

  • Liesen iwwer Bicher : d’Entstoen/de Parcours vun engem Buch – vun der Iddi bis zum Buch
  • Bicher iwwer d’Liesen : Erzielend Bicher zum Thema Bicher, Liesen, Bibliothéiken, d’Sprooch...

Den Opruff un d’Schoule gëtt begleet vun engem Pouster vum Roger Leiner dee weider Inspiratioun zum Thema liwwert.

Bei de Journées du livre et du droit d’auteur, déi all Joe ronderëm den 23. Abrëll stattfannen, gëllt et, d’Buch an d’Liesen an de Mëttelpunkt ze setzen. Déi Deeg sinn ee vun de wichtege Momenter vun der Liesfërderung a Lëtzebuerger Grondschoulen.

E Réckbléck op d’Aktioun kënnt an de Courrier de l’Education nationale.

Weider Informatiounen zu de Journées : www.liesen.lu