Foire Agricole zu Ettelbréck

Foire Agricole zu Ettelbréck

29/6: Visite fir Schoulklassen

vendredi 25 mai 2018/Catégories: News

Event date: 29/06/2018 Export event

An Zesummenaarbecht mam Organisateur vun der Foire Agricole Ettelbréck (FAE) invitéieren d'Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren Iech ganz häerzlech, fir e Freideg, den 29. Juni 2018 mat Äre Schüler vum Enseignement fondamental, puer interessant Stonnen op der FAE zu Ettelbréck ze verbréngen. D’Kanner an déi Jonk kréien iwwer dëse Wee d’Geleeënheet, fir d'Landwirtschaft, de ländleche Raum an d'Natur mat all hiren Diversitéiten ze erliewen. Et gëtt deemno vill fir si ze kucken, ze froen an och ze schmaachen.

Den Accueil vun alle Schoulklassen ass bei der Entrée vun der FAE (Däichhal), wou Dir niewent den Entréesbilljeeën (gratis) och e Plang vum Site ausgedeelt kritt.

Dir kënnt Iech fir eng vun deene folgende Formullen entscheeden, déi dëst Joer um Programm stinn, an déi Äre Schüler am Beschten entgéintkommen:

 

  1. Visitt ouni Féierung
    Nom Accueil sidd Dir fräigestallt, fir Iech op der Ausstellung ze beweegen, wéi dat dem Rhythmus vun der Schoulklass
    entsprécht.
     
  2. Visitt mat Féierung
    Beim Accueil kritt Dir e jonke Member vun eiser Associatioun als Guide zougedeelt, deen d’Schoulklass iwwer de Site vun der FAE begleet an op d’Froe vun de Kanner ageet.
     
  3. Visitt vun der FAE mat Bedeelegung un engem, zwee oder dräi Atelieren
    An Zesummenaarbecht mam Organisateur vun der FAE bidde verschidden Aussteller de Kanner en Atelier un. D’Detailer fannt Dir an der Annexe.

Mir weisen drop hin, datt Dir Är Schoulklass fir maximal dräi Atelieren aschreiwe kënnt (d’Visitt mat Féierung ass als een Atelier ze betruechten). Och muss - aus sécherlech verständleche Grënn - ëmmer en Intervall vun enger halwer Stonn tëschent den Atelieren ageplangt ginn.

Oppassen: D’Reservatioune vun den Ateliere kënne vum 4. Juni (vu 16:00 Auer un) bis den 22. Juni 2018 virgeholl ginn; dat online ënner www.fae.lu oder www.jongbaueren.lu. Aus organisatoresche Grënn kënne keng Inscriptioune méi iwwer Telefon oder per E-mail ugefrot ginn. Mir bieden ëm deen néidege Versteesdemech.

Wichteg: D’Enseignantë mussen am Virfeld vun de Reservatiounen e Benotzerkont iwwer ee vun deenen uewegenannte Sitten ariichten. Dësen ass néideg, fir déi eenzel Ateliere reservéieren ze kënnen. 

Mir freeën äis op Äre Besuch !

 

Méi Info:

Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren a.s.b.l.
François Glodt

5, avenue Marie-Thérèse
L-2132 Luxembourg

Tel. +352 44743 - 252
Tel. +352 44743 - 562

Email: secretariat@jongbaueren.lu

www.facebook.com/Lëtzebuerger-Landjugend-a-Jongbaueren-1032879003461726/
www.landjugend.lu
www.jongbaueren.lu

Number of views (496)/Comments (0)

Documents à télécharger

Name:
Email:
Subject:
Message:
x
Affectations 2018

 Demandes Liste 1
(instituteurs):

28/05 - 01/06 17h00

 Demandes liste 1BIS
(instituteurs):

21/06 (ap.-midi) - 25/06 12h00
○ Demandes de réaffect. d'office (chargés):
05.-09.07.2018 à 8h00
○ Affectation des nouv. stagiaires-instit.:
19.07.2018 à 8h00
○ Demandes d'affectation
(chargés & rempl.)

20/07 (ap.-midi) - 23/07 12h00

 

Toutes les demandes se font exclusivement dans l'application Scolaria

Veuillez choisir votre espace:


CONTACT

Contacts et adresses utiles


AIDE

Questions fréquentes, contact helpdesks

PARENTS

Actualités et informations pratiques

ENSEIGNANTS

Ressources pédagogiques et administratives

COMMUNES 

Ressources administratives et informations pratiques


ADMINISTRATION 

Ressources administratives, circulaires, dossiers de presse