Virlies-Concours 2018

Virlies-Concours 2018

fir Kanner aus dem Cycle 4. Dëst Joer: Thema 'Courage'

lundi 13 novembre 2017/Catégories: News

D’Broschür vum Virlies-Concours 2018 ass do! Dir fannt se als PDF hei drënner.

De Virlies-Concours fir d’Kanner aus dem Cycle 4 ass eng vu villen Aktiounen am Kader vun der Promotioun vum Liesen, déi de Ministère de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse all Joer organiséiert.

Sou wéi déi lescht Jore steet de Virlies-Concours ënnert engem Thema; dëst Joer ass et Courage

Wat bedeit eigentlech “Courage hunn”? Ass dat eng grouss heldenhaft Dot oder kann een och mat engem klenge Geste Courage weisen? Bedeit Courage ëmmer eng Gefor meeschteren oder vläicht just sech selwer iwwerwannen? Wëssen déi aner, datt ee Courage gewisen huet oder ass dat just fir ee selwer wichteg? Ass ee just fir sech selwer couragéiert oder setzt ee sech och fir anerer an a weist een eventuell Zivilcourage? Wat ass, wann (Zivil)courage weise geféierlech ka sinn?...

Am Virwuert vun der Broschür gëtt méi am Detail iwwert d’Thema Courage geschwat.

Dëst Thema kënnt a ville Kannerbicher, Klassiker wéi och an neie Bicher vir. D’Schüler wäerte sécher interessant Lecture derzou an der Bibliothéik entdecken. Dee Passage, deen aus dem Buch virgelies gëtt, soll d‘Thema erëmginn. Virgelies gëtt an enger vun den dräi Schoulsproochen.

D’Broschür zum Virliesconcours 2018 gëtt et just nach elektronesch an enger PDF-Versioun. An der Broschür fënnt ee wichteg Explikatiounen zum Concours, zur Organisatioun, zum Oflaf an zu der Finale. D’Organisatioun vum Virlies-Concours an Ärem Gebai soll an Zesummenaarbecht tëschent den Enseignanten an de Responsable vun der Schoulbibliothéik gemaach ginn.

Mir bieden Iech w.e.g. fir d’Aschreiwung den Online-Formulaire op der Adress http://cgie.formstack.com/forms/virliesconcours_2018 ze notzen an eis iwwert dee Wee de Gewënner oder d’Gewënnerin aus Ärem Schoulgebai bis spéitstens den 30. Mäerz 2018 eranzeginn.

Och d’Halleffinalle solle vun de Schoulbibliothecairë koordinéiert ginn. Si kënnen dat gär am Team an hirer Regioun maachen an zesummen d’Halleffinallen organiséieren. Fir d’Finale vun hei aus ze organiséieren, huet de SCRIPT d’Regionaldirektere gebieden, pro Regioun ee Schoulbibliothecaire als Kontaktpersoun ze nennen.

D’Finale ass dëst Joer dënschdes, de 26. Juni 2018 am Kulturhaus zu Miersch.

Merci fir d’Matmaachen a vill Freed beim Virlies-Concours.

Anne-Marie Antony & Eugenie Graff-Schaus

 

Kontakt:

SCRIPT - Promotion de la lecture
Anne-Marie Antony
Tel. 247-85184
Email: anne-marie.antony@men.lu

Eugenie Graff-Schaus
Email: eugenie.schaus@men.lu

Number of views (418)/Comments (0)

Documents à télécharger

More links

Name:
Email:
Subject:
Message:
x

Veuillez choisir votre espace:


CONTACT

Contacts et adresses utiles


AIDE

Questions fréquentes, contact helpdesks

PARENTS

Actualités et informations pratiques

ENSEIGNANTS

Ressources pédagogiques et administratives

COMMUNES 

Ressources administratives et informations pratiques


ADMINISTRATION 

Ressources administratives, circulaires, dossiers de presse