X

Espace pour représentants des parents d'élèves

IAM for Kids elo disponibel

IAM for Kids elo disponibel

D'Schüler aus dem Fondamental hunn elo hiren IAM-Kont

Catégories: Représentants des parents d'élèves

Wéi virun der Ouschtervakanz ugekënnegt ass den IAM for Kids elo operationnel!

Konkret heescht dat, dass all d‘Schüler aus dem Fondamental, souwäit se am Scolaria agedro sinn, grad wéi d’Enseignanten resp. d’Schüler aus dem Secondaire, ab elo och ee ‚richtegen‘ IAM (Identity and Access Management)-Kont vun der lëtzebuerger Educatioun hunn.

Firwat brauchen eis Schüler sou een identifiant unique? Mat den IAM-Donnéeën kënnen d’Schüler aus dem Fondamental sech elo schonn domatt z.B. an d’edusphère, op mySchool! an an den Office365-Environnement (http://365.education.lu ) aloggen. Deemnächst komme weider Applikatiounen dobäi, wéi z.B. deen neien eduLibrary (deen déi al Bibliothéiksverwaltung myLibrary ab der Rentrée 2016-2017 wäert ersetzen), Mathematic oder nach den Oli, deen an enger spezieller Educatiounsversioun um Enn vum Trimester wäert online goen.

D’IAM-Konte vun de Schüler aus dem Fondamental mussen, grad wéi déi vun den Enseignanten, fir d’éischt eemoleg mat engem Aktivéierungscode aktivéiert ginn. Wann Dir am Scolaria als Titulaire oder autre intervenant op enger (oder méi) Klass(en) agedro sidd, hutt Dir am ‘Bureau virtuel’ op http://iam.education.lu elo Accès op eng nei Funktioun, wou Dir d’Aktivatiounscode fir Är Schüler aus de(r) betreffende(r) Klass(en) kënnt generéieren an als PDF-Fichier eraflueden:

 

Wielt fir d’éischt déi betreffend Klass am Dropdown-Menu aus. Falls Är Klass am Menu nit optaucht, misst Dir mam President resp. Service scolaire vun der Gemeng kucken, op Dir am Scolaria op där Klass agedro sidd.

 

Mat ‚Impression‘ generéiert Dir ee PDF mat den Donnéeë vun deene Schüler, déi hire Kont nach nit aktivéiert hunn. (Am Ufank ass jo nach keen aktivéiert, mee wann am Laf vum Joer eenzel Kanner bäikommen, ass dës Funktioun sënnvoll.)

 

Mat ‚nouveaux codes et impression‘ generéiert Dir nei Aktivatiounscode fir all d’Schüler aus der Klass, egal op scho Konte virdrunn aktivéiert waren oder nit.

 

A béide Fäll gëtt ee PDF-Fichier generéiert mat de fir d’Aktivatioun néidegen Donnéeën (1 Säit pro Schüler an eng Gesamtlëscht fir den Enseignant).

 

Ënnert IAM for Kids – Guichet local fannt Dir d‘Lëscht vun de Schüler aus Äre(r) Klass(en), déi sech an de leschten 20 Deeg op http://iam.education.lu iwwert d’Funktioun ‚Perte/oubli mot de passe‘ een neien Aktivatiounscode ugefrot hunn. Dës Bréiwer kënnt Dir opmaachen an erausdrécken, andeems Dir op den Acrobat-Logo an der betr. Zeil klickt.

 

https://portal.education.lu/Portals/3/images/inline/capture03.png?ver=2016-03-29-105314-183

 

 

D’Aktivatioun vun de Konten gëtt, d’selwecht wéi bei deene ‘Groussen’, op http://iam.education.lu an der Rubrik ‘Activation compte’ gemeet.

 

 

Während dëser Prozedur definéiert de Schüler selwer (resp. Dir a senger Plaz) säin IAM-Passwuert, wat folgende Critèrë muss entspriechen:

 

- tëscht 8 an 20 Zeechen laang sinn ;

- mindestens 3 verschidden Zeechen hunn;

- mindestens eng Ziffer hunn;

- mindestens eng ‘Minuscule’ hunn;

- mindestens eng ‘Majsucule’ hunn.

 

D‘Aktivatioun ka vum Schüler selwer doheem gemeet ginn, oder souwäit méiglech/néideg mat Hëllef vum Enseignant an der Schoul.

 

Office 365 – Login

 

Soubal hire Kont aktivéiert ass, kënnen d‘Schüler sech mat folgenden Donnéeën an den Office365 op der Adress http://365.education.lu aloggen:

- Login: IAMLogin@school.lu  
(Den IAM-Login steet um Aktivatiounsbréif a besteet am Prinzip aus 3 Zeeche Familljennumm, 2 Zeeche Virnumm, 3 Zoufallszifferen)

 

- Passwuert:  IAMPasswuert (wat de Schüler sech bei der Aktivatiounsprozedur selwer ausgeduecht huet)

 

D‘Schüler kréien dee Moment och hir @school.lu Emailadress fräigeschalt, mat där si innerhalb vum Office 365-Environnement Messagë verschécken an empfänke kënnen.

 

 

Pour rappel, als Enseignant loggt Dir Iech mat folgenden Donnéeën an den Office 365 op der Adress http://365.education.lu an:

 

- Login:  ÄrenIAMLogin@365.education.lu
(Den IAM-Login besteet am Prinzip aus 3 Zeeche Familljennumm, 2 Zeeche Virnumm, 3 Zifferen)

 

- Passwuert:  IAMPasswuert
(D’IAM-Passwuert huet bei den Enseignants am Prinzip min. 8 Zeechen, dovun 2 Extrazeechen)

 

Wann Dir als Enseignant(e) den IAM-Login resp. d’IAM-Passwuert vergiess hutt, kënnt Dir Iech op http://iam.education.lu  mat Ärer Matricule een Aktivatiounscode ufroen, deen Iech per Post heemgescheckt gëtt a mat deem Dir Iech een neit Passwuert kënnt definéieren.

 

Wann Dir nach Froen zu dëser Prozedur hutt, kënnt Dir den Helpdesk vum CGIE kontaktéieren um Tel. 247 85999 oder per Email op helpdesk@cgie.lu.

 

Number of views (7462)/Comments (0)

Theme picker

«août 2022»
lun.mar.mer.jeu.ven.sam.dim.
25262728293031
1234567
891011121314
15161718192021
22232425262728
2930311234