X

Catégories

Léieren ouni Angscht a Stress

Cyclen 1-4: Methoden, déi zu enger formativer Evaluatioun bäidroen

Zilgrupp: Cyclen 1-4

Fokus: Methoden, déi zu enger formativer Evaluatioun bäidroen

Enseignante: Carole Wauters, Cycle 2

Prüfunge kënnen oft zu Angscht a Stress féieren, déi dem Léieren u sech extrem am Wee stoe kënnen. Datt Léieren och gelenge kann ouni dësen Drock, beweisen d'Kanner v.a. dann, wann een op spillerësch Aart a Weis drun erugeet. 

Perséinlech Erfarungen 

A menger Schoulzäit wore Prüfungen ëmmer ganz grouss Stress- an Angschtmomenter, déi mir et net erlaabt hunn all meng Fäerdegkeeten ënner Beweis ze stellen. Des Angscht wor laang e Begleeder vu mir a wéi ech meng éischt Prüfung mat de Kanner a menger Klass gemaach hunn, hunn ech genau des Angscht erëm gesinn an deelweis och gespuert.

Berufflech Erfarungen

Des weideren hunn ech laang am C1 geschafft, an hei ginn et keng Prüfungen, hei gëtt de/d' Schüler/-in vill beobacht a formativ evaluéiert. Dëst erméiglecht de Schüler/-inne sech an engem fräie Raum ze beweegen an deem si si erléiert Fäerdegkeeten a  Situatiounen uwennen ouni dëst grouss a Fro ze stellen an ouni mussen Angscht viru verschiddene Feeler ze hunn.

Des weidere  léiere Schüler/-innen hei op eng spilleresch Aart a Weis an integréieren iwwer dëse Wee Matière manner schwéierfälleg. En  anere Punkt, dee mech zu dësem Sujet bruecht huet ass dee vum learning for the test. Dëst ass e Phänomen, deem mir als Léierpersonal vill begéinen an ech wollt dëst änneren. Dat learning for the testCourte erméiglecht dem/der Schüler/-in zwar an der Testsituatioun säi Wëssen ënner  Beweis ze stellen, allerdéngs ass dëst just am Kuerzzäitgedächtnis verankert a léisst sech laut Studien zimlech séier erëm do eraus.

En anert Argument fir d Auswiele vun dësem Sujet ass ganz sécher och, dass ech sou gutt wéi et geet all Schüler/-in wëll gerecht ginn oder zumindest alles doru setze wëll. Ech hunn leider d Erfarung gemaach, wéi schlëmm et ass wann deng Joffer genau deen Effort net mécht an dech hänke léisst. Meng Schüler/-inne solle spieren a wëssen, dass ech ëmmer fir si si do sinn an sou gutt et geet versichen d'Matière esou opzebauen, dass jiddereen eng Chance huet.

Objectifs

Ech wëll vill stress- an angschtfräi Momenter kreeéieren, déi et den Schüler/-innen erlaben hier Fäerdegkeeten a verschiddene Situatiounen ze erlaangen, unzewennen an duerno ze korrigéieren.

Étapes

Mir hunn Atelieren agefouert, déi de Schüler/innen den Zougang an d'Zäit fir dat ze üben, wat se nach net sou gutt kënnen, erméigleche sollen. Des Weideren ginn et bei dëse Spiller keng bleiwend Trace vun de Feeler, mee d'Léieren u sech kann tatsächlech am Virdergrond stoen. Eréischt wann eng Matière beherrscht gëtt, gëtt d'Kand dozou ugeleet, fir Aufgaben an d'Heft ze schreiwen. Dës Ateliere si folgendermoossen opgedeelt:

  •  op eng spilleresch Aart a Weis de Wuertschatz uwennen: d'Kanner bilden dobäi Sätz, schreiwen se an enger weiderer Phase op a verbessere sech dono géigesäiteg

  • mat Hëllef vu verschiddene Materialie baue mir di verschidde
    Kierper a widderhuelen esou hier verschidden Eegenschaften nach eemol

  • Quartett mat den Tuwörter

  • Mengen zerleeën an zësummerechnen

  • Sudoku

Am Franséische gëtt mam Ipad (z.B. Quizzmaster) geschafft an d'Schüler/innen hunn esou d'Méiglechkeet zur Auto-evaluatioun. Si gesinn  wat se nach vläicht kéinte besser maachen a wat se scho ganz gutt kënnen.

Fir datt trotzdeem d'Schreiwen net verluer geet, gëtt et parallel zu den Atelieren ëmmer och eng Ureihung un Aufgaben, déi musse gemaach ginn. Mir nennen dëst Bündelen, wat am Prinzip näischt anescht ass, wéi en "Heft" mat Aufgaben dran. Sou schreiwe si beim Wortschatz, z.B. de Saz op, deen se während dem Intespill soen, soubal se op ee Feld falen. 

Beim Domino schreiwen se just d'Wuert mam Artikel an uschléissend kënnen se et unhand vun engem Corrigé verbesseren. 

Nodeems an der Mathe fir d'éischt Sudoku mam Material geübt gouf, ginn et dono Aufgaben dozou, déi am Bündel stinn.

Wat fir eng Erfarunge ginn et?

Ech hu gemierkt, dass déi Bündelen am Ufank ze vill grouss woren, dat heescht d'Kanner hunn ze vill verschidde Wieder vum Wuertschatz missen uwennen. Di meeschte Saache baséieren op natierlechen Differenzéierungen (Schwieregkeetsgraden, Längte vun den Aufgaben, Kopfhörer benotzen, ...). Dëst ass wichteg fir dass all Schüler/-in säi/-hiere Spaass an dësen Léiermomenter huet an och gesäit dass dëst alles net fir näischt ass.

Autres Pistes

Ech hunn eréischt ugefaange mat all  dëse Saachen, ech kann awer elo scho soen , dass meng Schüler/-inne begeeschtert si  vun den Atelieren. Si mierken heibäi net wéi vill si si u sech schaffe während der Zäit. Dee Moment si sech net konkret bewosst, wat si alles léieren. Dofir denken ech iwwert d'Aféierung vun engem "Lerntagebuch" no : all Kand soll säin Tagebuch féieren an zësumme kucke mer all Dag wat Neies geléiert gouf.

En e bësse méi heikele Punkt bei dësem Sujet ass ganz kloer dee vun den Noten, un deene jiddereen, op Elteren oder Kanner, festhalen. Et huet een d'Gefill, dass ouni en ABCD guer näischt méi eng Valeur huet. Ech hu versicht dëst an den Elteregespréicher kloerzestellen an hinnen verständlech ze maachen, wéi ech iwwer Prüfungen denken. Ech hunn
et bis elo awer nach net gewot des ewech ze loossen, well de ganze Projet eréischt ugelaf ass an ech deen als éischt fest wëll verankeren iert ech mech un d'Brieche vun däer Traditioun erun trauen.

Autres pistes

Print
Please login or register to post comments.

logo-ifen-edupratique