X

Catégories

Eltere léieren d'Zahlenbuch kennen

C2-4: Problemlélisend Denken a mathematëscht Verständnis ënnerstëtzen

Zilgrupp: Cyclen 2-4

Fokus: Problemlélisend Denken a mathematëscht Verständnis ënnerstëtzen

Schoul: EF Mertert

Duerch d’ Schwieregkeete vun eise Schüler am mathematesche Problemléisen si mir op d’ Sich no engem roude Fuedem am  Mathematiksunterrecht an eiser Grondschoul gaangen. Deen hu mir no an no opgebaut, andeems mir mam Zahlenbuch schaffen. Relativ séier koume mir zur Erkenntnis, datt et wichteg ass, och d’Eltere mat op de Wee ze huelen.

Contexte

Mir wollten dat problemléisend Denke vun eise Schüler/innen am Mathematiksunterrecht  fërderen an hunn dëst Zil an eisem Schoulentwécklungsplang (PRS) verankert: e gemeinsamt Konzept an der Mathe op d’Been stellen an dëst als  roude Fuedem duerch de Mathesprogramm ‘Zahlenbuch’ vum Cycle 2 bis de Cycle 4 zéie loossen.

Vu datt sech doduerch eise Mathematiksunterrecht scho verännert huet, andeems den aktiv-entdeckenden Unterrecht a Momenter vu gemeinsamer Reflexioun zougeholl an d’Schreiwe vun Exercicen ofgeholl hunn, war fir eis kloer, datt mir den Elteren eist Schaffe musse presentéieren. Dofir hu mir eng Broschür mat deene wichtegsten Informatiounen zum Konzept erstallt.

Dës wollte mir awer net einfach esou mat Heem ginn an hunn dofir e Mathesdag zesumme mat de Kanner organiséiert. Hei konnte Kleng a Grouss zesummen op Entdeckungsrees goen an de Beräicher: Kooperatiivt Schaffen a Problemléisen, Blitzrechnen, Produktiivt Üben a Léierspiller allgemeng.

Objectifs

  • D’Kanner léieren duerch eng flott, aktiv Aart a Weis rechnen.
  • D’Eltere verstinn d’Konzept an hunn eng Upak, wéi sinn hir Kanner doheem ënnerstëtze kënnen.
  • Als Enseignant hu mir e Gesamtiwwerbléck (C2-C4) iwwert d’Inhalter vum Mathesprogramm --> dat eent baut op dat anert op.

Étapes

Mir hu schonn ëmmer mam Zahlenbuch geschafft an awer virun allem d’Fërderung vum Problemléisen an eisem Unterrecht vermësst. No enger schoulinterner Formatioun hu mir eis op de Wee gemaach, fir d’Handelen, d’Duerstellen, d’Kommunizéieren an d’Reflektéiere mat eise Kanner nach méi an de Virdergrond vun eisem Unterrecht ze stellen. Dobäi hu mir Methoden, wéi z.B. d’aktiv-entdeckend Léieren an d’Kooperatiivt Schaffen ausprobéiert an d’Schreiwe vu Fichen e Stéck wäit an den Hannergrond geréckelt.

Mir hunn als Schoul “mathe 2000” als e gemeinsamt Konzept kennen a liewe geléiert an hunn de Fokus ëmmer méi op Material a Spiller fir aktiivt Léiere gesat, well mir gemierkt hunn, datt d’Kanner duerch d’Handelen zum Verstoe kommen.

Parallel ass eis Broschür fir d’Elteren an d’Kolleg/innen aus der Maison Relais entstanen. Well eng Broschür eleng awer déi wichteg Etappe vum Handelen net mat abegräift, hu mir e Mathesdag organiséiert, op deem d’Kanner zesumme mat hiren Eltere Mathe erliewe konnten an d’Elteren d’Broschür ausgedeelt kruten.

Wat ass gelongen?

D'Kanner ...

  • ...  hu vill méi Spaass un der Mathe.
  • hu manner Angscht, Feeler ze maachen.
  • ... weise méi eng héich Motivatioun fir ze léieren duerch Spiller a Material.
  •  ... versti wat se maachen, andeems sinn Zäit hunn fir datt Biller an hirem Kapp kënnen entstoen. Doduerch hu manner Kanner Schwieregkeeten an der Mathe, de Mengebegrëff gëtt gefestegt an ersetzt ‘Zählendes Rechnen’
  • ... gi méi sécher am Kapprechnen. Dëst gëtt op eng spilleresch Aart a Weis, déi sech iwwert de Cycle 2 an 3 a Form vu Blitzrechnen zitt, gefestegt.
  • ... kënnen dee Rechewee benotze fir ze rechnen, deen hinnen am einfachste fält. No an no léiere sinn och aner Weeër kennen a kënnen esou entscheede wéi ee fir wat fir eng Rechnung vu Virdeel ass. 

D'Elteren ...

  • ... verstinn, wisou den Unterrecht esou gestalt ass a kënnen an enger Broschür, déi wichtegst Aspekter zur Approche vum Zahlenbuch noliesen.

    ... sinn implizéiert an doduerch motivéiert fir matzeschaffen.

  • ... ginn eis wichteg Réckmeldungen fir eis Unterrechtsentwécklung engersäits an d'Besoinen am Beräich vun der Elterenaarbecht anerersäits.

Mir als Enseignanten ...

  • ... sinn all mat op de Wee gaangen an si méi zefridde wéi virdrun, well mir eis an de Kanner méi Zäit loossen. ’Entschleunigen’ a Qualitéit amplaz vu Quantitéit sinn heibäi zu Schlësselbegrëffer fir eis ginn.
  • ... hunn d’ kooperatiivt Schaffen als Aarbechtsmethod entdeckt, déi Differenzéierung a geziilte Fërderung erméiglecht.
  • ... hunn e Wee fonnt fir méi einfach ze differenzéieren, e.a. duerch d'Aufgaben zum produktiven Üben
  • ... hu gemierkt, datt méi "recheschwaach" Schüler/innen Erausfuerderunge brauchen fir ze verstoen. Esou féieren Aufgabe vum produktiven Üben dozou, datt d’ Kanner Zesummenhäng erkennen, andeems se ëmmer erëm sou Aufgabe maachen a mir zesummen driwwer schwätzen. Doduerch fällt hinnen d'Rechne selwer dono méi liicht.
  • ... léieren d’ Denke vun de Kanner kennen, andeems mir verschidde Recheweeër zouloossen an d’ Kanner ëmmer erëm froen eis de Wee ze erklären.

Erkenntnis:

De Kader setzen ass eng Entwécklung, an där Schüler, Elteren an Enseignanten Zäit brauchen.

Autres Pistes

Mir liewen eist Konzept elo esouwäit, datt d’Inhalter vum Cycle 2 a Cycle 3 fir eis ganz logesch openeen opbauen. Als nächst Zil wëlle mir eis méi konkret mam Iwwergang vum Cycle 3 an de Cycle 4 befaassen.

Des Weideren schaffe mir kontinuéierlech drun, d’Ëmsetzung ze verfeineren. Heibäi ass eis de Feedback vun de Schüler/innen an den Elteren extrem wichteg. Doniewent notze mir den Echange an eiser Equipe awer och ëmmer erëm fir e "Bléck vu baussen" op eist alldeeglecht Schaffen ze kréien.

Schlussendlech freeë mir eis drop ze gesinn, wéi et ausgesäit, wann déi éischt Schüler, déi mat dësem Konzept vum Cycle 2 u geschafft hunn, am Cycle 4 ukommen a si gespaant ze gesinn, wat fir een Ënnerscheed een evtl. gesäit.

Autres pistes

Télécharger
Print
Please login or register to post comments.

logo-ifen-edupratique