X

Catégories

Aféiere vun de Faarwen an de Gefiller

Cyclen 1-2: Schwierege Situatioune virbeugen duerch Thematiséiere vu Gefiller

Aféiere vun de Faarwen an de Gefiller
 
Zilgrupp: C1-2

Fokus: Schwierege Situatioune virbeugen duerch Thematiséiere vu Gefiller

Léierpersoun: Nancy Holtz

Schoul: EF Koetschette, Cycle 1

Mat Hëllef vum Billerbuch “E Reebou voller Gefiller” goufen am Cycle 1 d’Faarwen agefouert. Doniewent ass fir d’Erziele vun der Geschicht eng Handpopp zum Asaz komm, déi de Kanner sollt bei der Entdeckungsrees vun de Gefiller als Uspriechpartner zur Verfügung stoen.

Zunächst sollt sech d’Aktivitéit op d’Aféierung vun de Faarwen an de Gefiller beschränken. Wou ech du gemierkt hunn, datt d’Kanner ganz vu sech aus op ee Mol op de Vocabulaire vun de Gefiller zréckgegraff hunn, fir esou z.B. Hoffnung, Trauregkeet a Sécherheet ze beschreiwen, hunn ech decidéiert des Aféierung fir mäin Unterrecht a v.a. de Kanner hiert Wuelbefannen ze notzen an esou ass eng Aart Ritual entstanen.

Contexte

All Dag ass d’Handpopp an Dialog mat mir getrueden, bis déi 7 Faarwe vum Reebou mat de jeeweilege Gefiller agefouert waren.

Heizou hunn ech eegen Texter geschriwwen, ausgehend vun den Iddien aus dem Billerbuch “E Reebou voller Gefiller”. Dëst huet ëmmer am Groupe-classe am Sëtzkrees stattfonnt.

Objectifs

Transversal Kompetenzen:

  • sech an déi aner kennen an d'Ënnerscheeder akzeptéieren
  • säi Verhalen der Situatioun upassen
  • sech kënnen a Vertraue gewannen
  • sech a seng Ëmwelt wouerhuelen a verstoen

Déroulement

Während den Dialoger hunn d’Kanner den Optrag de passende Reebou ze fannen. Virun hinne leie Kaarte mam Jong a mam Meedchen aus der Geschicht. All Kéier gëtt en DIN A4 Blat mat der passender Faarf un d’Tafel gehaangen, d’Gefill doniewent geschriwwen an déi passend Reebou-Kaarten an d’Kaarte vum Jong a vum Meedchen dobäi gehaangen.

Nodeems déi 7 Faarwen a Gefiller iwwert dëse Wee agefouert sinn, bleiwen se un der Tafel am Sall hänken.

Wou ech gemierkt hunn, datt d’Kanner ëmmer erëm de Vocabulaire benotzt hunn an esouguer konnten erkläre wat Hoffnung a Sécherheet heeschen, hunn ech si gefrot, ob mir e Reebou mat de Gefiller sollen zesumme bastelen.

Esou ass eise Reebou entstanen, deen elo am Klassesall hänkt a wou si hier Foto kënne bei déi Faarf hänken, wou se am beschte passt wann si moies an d’Schoul kommen. Am Laf vum Dag kënnen si dës ëmhänken an der Popp hier Suerge matdeelen.

Observations

  • D'Kanner hunn abstrakt Bezeechnungen, wéi Hoffnung, Sécherheet, asw. verstanen an hunn se mat Bedeitung gefëllt. D’Kanner hunn z.B. erkläert: "Wann ee keng Angscht huet, da fillt een sech sécher.” Oder “Wann ee kräischt, ass een traureg.”
  • D’Kanner hu gemierkt, dass d’Middegkeet net am Reebou dobäi ass an si hu proposéiert, dat dobäi ze fügen. Si hunn sech zesummen op eng Faarf geeenegt (mat Muggelsteng).
  • Si hänke moies hir Foto op de Reebou a wëllten och erziele firwat se déi Faarf gewielt hunn. Déi aner Kanner lauschteren no a maachen deelweis Proposë , wat ee kéint maachen, fir dass dat jeeweilegt Kand sech z.B. erëm besser fillt/ net méi traureg ass. Si maachen och de Bezuch zu eegenen Erfarunge an erzielen, wann si schonn eng ähnlech Situatioun erlieft hunn.

ANALYSE: Apprentissages enfants

Wat kënnen d'Kanner fir hiert Léiere gewannen?

  • D’Kanner léieren sech matzedeelen an och selwer ze mierken, wéini si rosen, traureg, asw. sinn.
  • D’Sécherheet als eent vun de Grondbedürfnisser nom Maslow ass en zentraalt Thema fir mech a fir d’Kanner.

ANALYSE: Personnel enseignant et socio-éducatif

Wat kann den/d'Enseignant/e fir d'Unterrechtsgestaltung gewannen?

  • Ech kann erkenne wann et engem Kand net gutt geet an evtl. scho präventiv drop reagéieren.

Wat fir eng Schwieregkeeten kann den/d'Enseignant/e a Bezuch op d'Unterrechtsgestaltung begéinen?

  • Et kéint eng Onmass u Bagage entstoen, deen ech vun de Kanner mat op de Wee kréien.

ANALYSE: Apprentissages enfants +

Wat kënnen d'Kanner fir hiert Léiere gewannen?

  • D’Kanner léieren sech matzedeelen an och selwer ze mierken, wéini si rosen, traureg, asw. sinn.
  • D’Sécherheet als eent vun de Grondbedürfnisser nom Maslow ass en zentraalt Thema fir mech a fir d’Kanner.

ANALYSE: Personnel enseignant et socio-éducatif +

Wat kann den/d'Enseignant/e fir d'Unterrechtsgestaltung gewannen?

  • Ech kann erkenne wann et engem Kand net gutt geet an evtl. scho präventiv drop reagéieren.

ANALYSE: Personnel enseignant et socio-éducatif -

Wat fir eng Schwieregkeeten kann den/d'Enseignant/e a Bezuch op d'Unterrechtsgestaltung begéinen?

  • Et kéint eng Onmass u Bagage entstoen, deen ech vun de Kanner mat op de Wee kréien.
Matériel
Télécharger
Print
Please login or register to post comments.

Matériel

logo-ifen-edupratique