X
Text/HTML

logo_climate_exchange

Du hues eng Iddi?
Da scheck deng Propose eran.

Deng Propose

De 15. Mäerz 2019 waart dir zu Dausenden an de Stroosse vun der Stad, fir op de Klimawiessel opmierksam ze maachen a Léisungen ze fuerderen. Dir gouft domat Deel vun der weltwäiter “Climate strike”-Beweegung. Ären Engagement ass net ouni Reaktioun bliwwen an an enger Entrevue mat den Organisateure vum Streik huet d’Regierung sech fir hiren Deel engagéiert, fir een Echange mat deene Jonken zum Thema z’organiséieren. Dat an enker Kooperatioun mat der nationaler Schülerkonferenz (CNEL). Méi...

Am Mee goufe 4 där Echangen a verschiddene Regiounen ofgehalen; dat a Präsenz vun de Ministere Claude Meisch (Edukatioun, Kanner a Jugend), Carole Dieschbourg (Ëmwelt, Klima an Nohaltegkeet) a Romain Schneider (Landwirtschaft). Ronn 500 Schüler waren op dës Echangë komm an hunn op eng oppen a konstruktiv Aart a Weis matdiskutéiert – dir hutt är Ängschte geäussert, d‘Problemer beim Numm genannt a virun allem och zesummen no Léisungspisten zu den Themen: “Nohalteg Schoulen”, “Klimaschutz an de Beräicher Mobilitéit, Energie an Offall” an “Nohalteg iessen, nohalteg produzéieren” gesicht.

Dës Diskussiounen an Proposë goufen du vun engem Grupp Schüler resuméiert an an engem Schlussrapport festgehalen, deen si der Regierung Mëtt Juni am Kader vun enger Entrevue am Staatsministère formell iwwerreecht hunn. D’Regierung huet sech engagéiert, fir de Rapport z‘analyséieren a fir em déi néideg Suitten ze ginn. Esou wäert en zum Beispill an den nationale Klima- an Energieplang, grad ewéi an de Strategieplang fir d’Agrikultur mat afléissen.

Op dësem Internetsite fannt dir de Schlussrapport, Andréck vun den Echangen, den Erklärungsfilm mat internationalen Experten oder nach d’Factsheets zu den eenzelen Themen. Dëse Site gëtt awer och eng Plaz, wou mer iech reegelméisseg um Courant halen iwwer dat, wat am Interessi vum Klima zu Lëtzebuerg leeft an iwwert d’Mesuren, déi ergraff ginn. < Manner

 
EasyDNNNews

Follow-up news

BNE receuil lundi 6 janvier 20200

BNE receuil

Den Ëmweltministère an de Ministère fir Bildung, Kanner a Jugend hunn zesummen mat dem Cercle des ONG an der Plateforme pour l’éducation à l’environnement et au Développement durable de Receuil vun den Acteuren déi eng Offer am Beräich vun der Bildung fir Nohalteg Entwécklung ubidden, komplett nei iwwerschafft.

Benelux Event vendredi 27 décembre 20190

Benelux Event

Am Kader vun der Presidence vun der Benelux-Unioun, war Enn November am Biodiversum zu Remerschen eng Konferenz zum Thema Bildung fir nohalteg Entwécklung.

Nanoq vendredi 20 décembre 20190

Nanoq

Am Uschloss un de ClimateXchange huet de Script eng Photoplay-Ausstellung initiéiert mam Zil fir de Klimawiessel an de Schoulen ze thematiséieren. D'Ausstellung vun der finnescher Fuerscherin a Kënschtlerin Ilona Mettiäinen mécht zënter dem Summer den Tour duerch verschidde Lycéeën (LGE, LJBM, Sportlycée, LCD, LESC) an e sëllesche Klassen hunn sech mam Thema auserneegesat. Dobäi sinn och ganz innovativ a kreativen Iddien zesummekomm fir den Alldag an der Schoul méi nohalteg ze gestalten an en Deel dovun ass schonn ëmgesat ginn.

On water – sur l’eau vendredi 25 octobre 20190

On water – sur l’eau

On water – sur l’eau, ass eng Ausstellung mat Fotoen vum Yann Arthus-Bertrand an dem Philippe Bourseiller, déi vun Oktober 2019 un 2 Joer laang den Tour duerch 6 Lëtzebuerger Lycéeën mécht.

Youth4Planet – Storytelling mat dem Smartphone. lundi 30 septembre 20190

Youth4Planet – Storytelling mat dem Smartphone.

Dir hutt an ärem Rapport gefuerdert datt Thema Klima an der Schoul soll méi intensiv ze behandelt ginn, an och datt Enseignante solle besser dorobber virbereet ginn. 

Nanoq – Imag(in)ing climate change jeudi 26 septembre 20190

Nanoq – Imag(in)ing climate change

Den 20.09. gouf d’Ausstellung Nanoq – Imag(in)ing climate change vum Edukatiounsminister Claude Meisch ageweit. Des Wanderausstellung, déi de SCRIPT a Kollaboratioun mat polar.lu organiséiert, mécht bis Enn des Joer den Tour duerch verschidde Lycéeën.  D‘Exponater begleeden e Miniature-Äisbier op senger Rees duerch d‘Arktis , well seng Heemecht, d'Pak-Äis , duerch de Klimawiessel ewechschmëlzt.

RSS
12
EasyDNNGallery

Media

Är Proposen

Är Proposen

Text/HTML