SCRIPT_Logo

elefant

Mam Multi-Label presentéiert de SCRIPT eng nei Serie u pädagogeschen Zousazmaterialien, déi sech mam Thema Méisproochegkeet beschäftegen. Dës Rei soll am Laf vun den nächste Jore bestänneg erweidert ginn.

Plurilingual am Sënn, datt d’Materialien a méi wéi enger Sprooch kënnen agesat ginn. Awer och am Sënn, datt se sproochiwwergräifend a –vergläichend kënne genotzt ginn, fir Zesummenhäng tëscht de verschiddene Sproochen opzeweisen. Doduerch ginn d’Materialien och net no bestëmmte Cyclen an/oder Niveauen agedeelt; villméi kann all Léierpersoun selwer d’Material entdecken a sech flott Weeër iwwerleeën, wéi d’Outile sënnvoll kënnen agesat ginn.

Dobäi setzt de SCRIPT op ënnerschiddlech Supporte fir eng grouss Bandbreet u méiglechen Tools ubidden ze kënnen: sief et duerch den Asaz vu Pouster oder Kaarten, dem Bereetstelle vun Hörstift-Bicher oder awer och dem Entwéckle vun digitale Materialien.

app

babbel-bubble

Babbelbubble ass eng méisproocheg ausgeriichten App, déi ganz ënnerschiddlech Methode bitt fir déi rezeptiv a produktiv Schwätz, Schreif- a Lieskompetenze vun de Kanner ze fërderen. Zilsprooche si Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch.

Dës multimedial Léierplattform ass esou konzipéiert, datt en eegestännegt an awer och e gemeinsamt Zesummeschaffen an der Klass méiglech ass – inkl. engem integréierten “Lehrermodul”, dat et der Léierpersoun erméiglecht de Fortschrëtt an d’Problemer vun all eenzelne Schüler a Schülerinnen ze gesinn. weider... Nieft den Zilsproochen Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch ka babbelbubble duerch eng grouss Unzuel un Éischtsproochen (z. B. Arabesch, Englesch, Serbesch, Italienesch, Portugisesch, Russesch) och agesat gi fir potenziell Sproochbarrièrë bei Kanner mat Migratiounshannergrond ze verréngeren, well si ganz ouni Hëllef vun der Léierpersoun mat dem Programm schaffe kënnen. Doriwwer eraus kann och sproochvergläichend geschafft ginn, well een tëscht de Sproochen hin- an hiersiwtche kann. Esou kann op ënnerschiddlichen Niveauen a mat fräi definéierte Léierziler getest ginn.

Login Handbuch

arrow-down

Wimmelpouster_OutOfStock_final

Prabeli

Mat dem Wimmelbiller-Set „Komm mat op d‘Sich!“ gëtt dem Léierpersonal didaktescht Material zur Verfügung gestallt, fir de Schülerinnen a Schüler bei der Fërderung vum Sprooch(en)léieren ze hëllefen. D’Bildmaterial ass sproochneutral, d. h. op den eenzele Pouster gëtt keng Sprooch benotzt. Doduerch kann d’Material zum enge bei der Fërderung vun der Éischt-, wéi och beim Léiere vun enger Zweetsprooch resp. weidere Friemsprooche benotzt ginn. Zum anere kann et awer och sproochiwwergräifend agesat ginn, d. h. et kënne méisproocheg Aktivitéite stattfannen. weider...

An dësem Set sinn zéng thematesch Situatiounsbiller, bestoend aus engem grousse Pouster (recto) a sechs eenzelnen Übungen (verso), déi sech op déi jeeweileg Thematik bezéien. D’Bildmaterial gouf fir 2 Gréisste konzipéiert: zum engen als A2-Pouster, fir an der Klass opzehänken (am Set als Pabeierform) an zum aneren als A3-Pouster, sou datt all Kand domat op senger Bänk schaffe kann (op dësem Site verfügbar). Et gouf probéiert, fir nieft dem „klasseschen Asaz“ vu grousse Pousteren, nach weider Asazméiglechkeeten ze kreéieren. Fir mat dëse grousse Situatiounsbiller ganz verschidde sproochlech a kommunikativ Kompetenze kënnen auszeschaffe gouf en innovatiivt Konzept entwéckelt, dat verschidden Aktivitéite proposéiert – an doriwwer eraus nach vill Fräiraum léisst fir weider pädagogesch Übunge kënnen unzebidden; dëst duerch eng besonnesch Aart vum Falen, datt duerno aus dem Pouster e Booklet entsteet. Esou kann all Kand säin eegent Exemplaire kréien, dat et fir sech entdecken an un deem et schaffe kann.

Et goufen zéng Themen ausgewielt, déi sech alleguer mat Liewens- an Erfahrungsberäicher ausernee setzen, déi fir Kanner vu Relevanz sinn: am Klassenzëmmer, an der Klinick, am Schoulhaff, op der Spillplaz, um Bauerenhaff, bei der Famill, an der Natur, am Verkéier, am Supermarché, am Kleederschaf.

 Download faarweg 

Download S/W

wei-wou-wat

auto

Dës Billerkaarte bidden en éischten, an och e méi verdéiften Abléck, an de Basiswuertschatz. Dobäi hieft sech dëse Set géintiwwer anere Billerkaarten of, well en net explizit eng Zilsprooch uviséiert, wéi z. B. Däitsch oder Franséisch. Et gi méi Sproochen ageféiert an doriwwer eraus besteet och d’Méiglechkeet fir sproochiwwergräifend a –vergläichend ze schaffen. weider...

An dësem Set befanne sech 555 Bild-Wuert-Kaarten, déi als Dréikaarte kënnen agesat ginn; d. h. op der viischter Säit huet een d’Bild a Groussformat ouni Zousaz vun Text. Op der Récksäit fënnt een dann d’Bezeechnung vum Bild a siwe verschiddene Sproochen: Lëtzebuergesch – Däitsch – Franséisch – Englesch – Portugisesch – Serbesch (mat kyrilleschem a laténgeschem Alphabet) an Arabesch (an arabesche Schrëftzeechen mat enger phonetescher Schreifweis a laténgesche Buschtawen).  

Bestellen  

eischt-wieder

D’TING-Buch erméiglecht nei mediepädagogesch Weeër a passt d’Material un déi méisproocheg Realitéit vun eisem Land un. Am Kontext vun dem digitale Fortschrëtt, an den neie Méiglechkeeten, déi doduerch an der Schoul entstinn, gi konstant nei Hëllefsmëttel ausgeschafft, déi en autonoomt Léiere fërdere sollen. Den TING-“Hörstift” stellt dobäi e weidere kandgerechten, didaktesche Multimediaproduit fir den Unterrecht zur Verfügung – eng Symbios vu gedrécktem Buch an innovativer Technik! Den Hörstift kann nämlech schwätzen an erwächt d’Buch doduerch zum Liewen! weider...

Mat dëser Technologie ass et méiglech fir geziilt d’Héierverstoe vun de Schülerinnen a Schüler ze verbesseren; dëst och ganz ouni Hëllef vun enger Léierpersoun. D’Kanner ginn op de flotten Zeechnungen op Entdeckungstour a si kënne sech den Inhalt vum Buch ëmmer erëm ulauschteren. Doduerch kann all Kand selbststänneg a sengem eegenen Tempo a Rhythmus mam Buch schaffen. Nieft dem Lëtzebuergesche kënnen d’Kanner och hir éischt Wierder am Däitschen an am Franséische léieren. Duerch de Wiessel tëschent de Sproochen ass et méiglech z’experimentéieren an ze vergläichen, fir méiglechst mat vill Enthusiasmus mam Stëft ze schaffen.

Bestellen

schleck

script

Contact

Adresse :
SCRIPT
Edupôle Walferdange
route de Diekirch
L-7220 Walferdange

Adresse postale :
BP 98
L-7201 Bereldange

Tel : +352 247-85187
Fax : +352 247-85174

Aide et support

Email : multi-script@men.lu