Sproocheronn.lu

Sproocheronn.lu

4 Biergerronnen & Online-Ronn

jeudi 22 février 2018/Catégories: News, Représentants des parents d'élèves

Eng vun de grousse Méiglechkeeten, Chancen an awer och Erausfuerderunge vu Lëtzebuerg ass seng Méisproochegkeet; d’Niefteneen an d’Matenee vu méi Sproochen. An dodrop sollen a kënne mir och houfreg sinn!

Zentraalt Element vun dësem Sproochemix war an ass nach ëmmer d’Lëtzebuergescht – souwuel als Integratiounssprooch, wéi och als Kommunikatiounssprooch am Alldag. De Rôle vum Lëtzebuergesche gëtt vill diskutéiert. Mee wéi ee Stellewäert hunn d’Lëtzebuergescht an déi aner Sprooche fir d’Biergerinnen an d’Bierger? Wat ka fir eng besser Integratioun an och deeglech Kommunikatioun am Land gemaach ginn? Dës an och vill aner spannend Froe géif mir gäre beschwätzen.


Wat mengt dir? Sproocheronn.lu. Den Online- a Biergerforum.

D’Sproocheronne ginn de Bierger d’Méiglechkeet, fir aktiv un der Entwécklung an eiser Gesellschaft deelzehuelen. Grad da wéi beim Lëtzebuergeschen, wa vill verschidde Meenungen existéieren an openeentreffen. Diskutéiert mat eis zesummen iwwert d’Rollen, d’Chancen an d’Perspektive vum Lëtzebuergeschen.

Op 4 Sproocheronnen (Lëtzebuerg, Esch-Uzelzecht, Munneref an Dikrech, vun 19-21 Auer) hunn d’Bierger d’Wuert a kënnen eis hiren Uleies matdeelen. Zu bestëmmten Theme ronderëm
d’Lëtzebuerger Sprooch ‒ sief et Educatioun, Kommunikatioun am Alldag, oder de Rôle an der Kultur ‒ gëtt zesummen a Gruppen diskutéiert. D’Leit ginn duerch de Sall a bleiwe bei de Beräicher stoen, déi si interesséieren. Hei hoffe mir op e flotten Échange fir zesumme konkret Proposen a méiglech Léisungsvirschléi auszeschaffen. Dës ginn ofschléissend mam Educatiounsminister beschwat.

Während der gesamter Zäit vun der Campagne kann een awer och an eisem Online-Forum aktiv ginn a sech mat anere Matbierger austauschen. Dofir muss ee sech op sproocheronn.lu registréieren. D’Leit kënne sech an déi verschidde Foren eraklicken, sech alles ukucken, hir Meenungen ausdrécken, op aner Commentairë reagéieren a Propose liken. Hei soll en interessanten an intensiven Échange entstoen.

Alles am Sënn vun der Fërderung vun der Lëtzebuerger Sprooch.

 

BIERGERRONNEN
Op 4 Plazen duerch d’Land. Kommt an diskutéiert mat eis:

27.02.2018
Dënschdeg | 19 Auer
Forum-Geesseknäppchen
Lëtzebuerg

08.03.2018
Donneschdeg | 19 Auer
Kulturfabrik
Esch-Uelzecht

15.03.2018
Donneschdeg | 19 Auer
Bierger- a Kulturhaus
Munneref

20.03.2018
Dënschdeg | 19 Auer
Al Seeërei
Dikrech

 

ONLINE-RONN
Fir Proposen ze ginn, Meenungen auszetauschen, zesummen ze diskutéieren.

 

JUGENDRONN

27.02.2018
Dënschdeg | 16h
Forum-Geesseknäppchen Lëtzebuerg


Kommt an diskutéiert mat eis. An Zesummenaarbecht mam Zentrum fir politesch Bildung

Number of views (1462)/Comments (0)

Tags:

Documents à télécharger

More links

Name:
Email:
Subject:
Message:
x
Affectations 2018

 Demandes Liste 1
(instituteurs):

28/05 - 01/06 17h00

 Demandes liste 1BIS
(instituteurs):

21/06 (ap.-midi) - 25/06 12h00
○ Demandes de réaffect. d'office (chargés):
05.-09.07.2018 à 8h00
○ Affectation des nouv. stagiaires-instit.:
19.07.2018 à 8h00
○ Demandes d'affectation
(chargés & rempl.)

20/07 (ap.-midi) - 23/07 12h00

 

Toutes les demandes se font exclusivement dans l'application Scolaria

Veuillez choisir votre espace:


CONTACT

Contacts et adresses utiles


AIDE

Questions fréquentes, contact helpdesks

PARENTS

Actualités et informations pratiques

ENSEIGNANTS

Ressources pédagogiques et administratives

COMMUNES 

Ressources administratives et informations pratiques


ADMINISTRATION 

Ressources administratives, circulaires, dossiers de presse